Waarme Méinden: Dëst waren déi héchst Temperaturen

Den Dag vun haut war den éischten an direkt och wäermste vun der Woch.

De Méinde war et iwwerduerchschnëttlech waarm

Et war ugekënnegt an et war nawell och gutt ze spieren: um Méinde sinn d’Temperaturen op iwwerduerchschnëttlech héich Wäerter geklommen. Schonn am Virmëtte kuerz virun 12 Auer huet den Thermometer plazeweis 18 Grad ugewisen.

Un dëse Statioune sinn déi héchst Temperature gemooss ginn:

  • Schengen: 23,7°C
  • Réimech/ASTA: 23,2°C
  • Gréiwemaacher/ASTA: 23,0°C
  • Recken op der Mess/ASTA: 22,8°C
  • Stadbriedemes/ASTA: 22,4°C
  • Steesel/ASTA: 22,4°C
  • Trënteng/ASTA: 22,2°C

Donnéeën: Kachelmannwetter/Agrimeteo

De weideren Temperaturverlaf

An de nächsten Deeg gëtt et zwar net méi grad esou waarm, mee et gëtt alles anescht wéi kal. Muer um Dënschde si Maximalwäerter vun tëscht 16 an 21 Grad ze erwaarden, de Mëttwoch, Donneschde an de Freiden 15 bis 18 Grad, de Samsde 14 bis 18 Grad an de Sonnden erëm 15 bis 18 Grad. Den Détail fannt Dir op der Prognose-Säit.