Waarme Weekend steet befir

Waarem Loftmassen aus dem Süden ginn ugezaapt an an eis Richtungen transportéiert. Doduerch gëtt ët zwar méi waarem, mee ët sollt een sëch nët op all ze frëndlëcht Fréijoerswieder astellen.

D’meteorologëscht Fréijoer huet viru gutt enger Woch ugefong. Zanterdeem hunn sëch d’Temperaturen zoufällëgerweis och deem ugepasst. Ët ass méi waarem ginn, mee ët hunn ëmmer rëm méi déck Wollécken an och Schaueren de Wee op Lëtzebuerg fonnt. Daat bleift och an de nächsten Deeg de Fall.

Duerch e Stuermdéif, waat am Verlaaf vum Weekend op Frankräich treffe wärt, ginn waarem Loftmassen aus Afrika an eis Géigende geschëppt. Daat kënnt duerch d’Rotatioun géint den Auersënn zustaanen. Wéi op der Grafik ugedeit, gëtt op der anerer Säit vum Déif kill Loft aus dem Norden ugezaapt, waat vir eis awer lo mol nach nët relevant ass.

Grafik: wetterzentrale.de – Editéiert vu Météo Boulaide

Duerch de Frontesystem vun dësem Déif an och wéinst dem Kär selwer kann ët an enger Zäitspaan vum Samsden bis de Méinden ëmmer rëm naass ginn, dobäi ass ët och déi meecht Zäit bedeckt. De Wand frëscht och op an ass zäitweis mat bis zu 65 km/h ënnerwee.

Mat “Loftmassen aus Afrika” mengen ech elo nët, dass mir demnächst summerlëch Temperaturen ze erwaarden hunn. Dës si nach e gutt Stéck wäit ewech. Ët ass haaptsächlëch vu méi waarem Loftmassen ze schwätzen, déi an eise Géigenden Temperature vun 10 bis 16 Grad am Daag provozéiere kënnen. Vu Fréijoer kann een, wann iwwerhaapt, also just wéinst den Temperature schwätzen. Ët wärt während der gesamter waarmer Phase zu décke Wollécke kommen, aus deenen ët ëmmer rëm reene kann.