Wäermsten Dag vun der Woch: Mëttwoch plazeweis ëm 20 Grad ze erwaarden

De Mëttwoch gëtt et net nëmme lefteg, mee et gëtt och nach de wäermsten Dag vun der Woch.

Iwwerduerchschnëttlech waarme Mëttwoch

Zu Lëtzebuerg leie mir de Mëttwoch tëscht engem gréisseren Déifdrockkomplex iwwert de britteschen Inselen & dem Atlantik an engem héich iwwert dem wäiten Osten vum Kontintent. Dotëscht gi waarm Loftmassen aus dem Mëttelmierraum an eis Géigenden eropgepompelt, wouduerch et nach eng Kéier kuerzzäiteg iwwerduerchschnëttlech waarm zu Lëtzebuerg gëtt. Schonn haut um Dënschde geet et schonn esou lues lass mat den héijen Temperaturen, d’Wäerter klammen op e Maximum vu 13 bis 17 Grad. Am wäermste gëtt et laanscht d’Musel. Um Mëttwoch solle mat 18 bis 21 Grad déi héchst Temperature vun dëser Woch areecht ginn, deemno wéi kann och e Grad driwwer net ausgeschloss ginn. An den Deeg drop gëtt et manner waarm, den Donneschde si nach 16 bis 19 Grad ze erwaarden, de Freide si mir nach mat 13 bis 17 Grad dobäi. Vum Wiederzoustand hier reent et, wann dann, meeschtens an de spéideren Owesstonnen oder och an de Nuechten, dagsiwwer éischter rar.


D’Grousswiederlag um Mëttwoch | Grafik: wxcharts.com

Wéi an dësem Artikel schonn ugemierkt, gëtt de Mëttwoch net nëmmen de wäermsten Dag vun der Woch, mee och de leftegsten. Mat Vitesse vun deels bis ëm 70 km/h kann et plazeweis souguer stiermesch ginn.