Wäiss Chrëschtdeeg oder net?

…daat ass déi Fro, déi an de leschten Deeg am meechte gestallt gëtt. Wéi awer schon an engem Update op der Facebooksäit erwähnt, stinn d’Chancen leider nët sou gutt.

Mëll Temperaturen

Nodeems mir et an de vergaanene Wochen ëmmer rëm mat Schnéi a glaate Stroossen ze dinn haaten, sinn eis Temperature mëttlerweil awer däitlech geklommen. Sou wärten mir dann, laut den aktuelle Modellrechnunge, bis ëm Chrëschtdaag mat mëllen Temperaturen ze dinn hunn. Ët gesäit also éichter schlecht aus vir Schnéi während de Feierdeeg. Mee wéi sëcher ass dëst eigentlech?

Onsëcherheeten

Natierlech ass ët ëmmer schwierëg eng Prognos vir Deeg ze maachen, déi méi wäit wéi 72 Stonnen wech sinn. D’Grafik ënnert dësem Abschnitt ass e sougënannten Ensemble, un deem een ofliese kann, wéi sëch d’Wieder a nächster Zäit entwéckle kann. All Linn stellt e Member duer. Waat déi Linnen méi no beieneen sinn, waat eng Wiederlaag méi sëcher ass. Ët ass also ganz wahrscheinlech, dass d’Zäit rondrëm Chrëschtdaag ze mëll ausfaale wärt.


Grafik: meteociel.fr

Direkt no Chrëschtdaag gëtt ët awer e klengen Hoffnungsschimmer: D’Temperature faalen, soudass virun allem am Norde vum Land d’Wahrscheinlechkeet vu Schnéischauere op e Neits klëmmt. Ech haalen Iech zu dësem Thema um Laafenden!