Et besteet eng minimal Chance, dass e puer Reschter duerch d’Flacken e Sonnden a Méinden iwwert d’Chrëschtdeeg kënne leie bleiwen. Däitlech besser Chancen ginn et an der Äifel.
Advertisement
Entwécklunge vun de Berechnunge mat der Zäit
Zanter dem 11. Dezember kucke mir reegelméisseg op d’Chancen vu wäisse Chrëschtdeeg a mir hunn zanterdeems schéi konnte beobachten, wéi sech d’Wiederlag apendelt. Vun Ufank u war kloer, dass sech e gréissert Héich entweder virun d’Küst vu Spuenien oder Portugal wäert leeën, iwwerdeems déiwe Loftdrock iwwer Skandinavien läit. Déi doraus resultéierend Nordweststréimung ass typesch dofir, kill a fiicht Loftmassen a Richtung West- a Mëtteleuropa ze lenken. Deemools gouf den Héchstpunkt vun dësem Zenario genee ronderëm Hellegowend a Chrëschtdag simuléiert, wat sech dunn an de nofolgenden Updates no a no no vir verréckelt huet. Zanter e puer Artikelen ass elo gewosst, dass dës kuerz Phas, an där et zu Lëtzebuerg erëm e bësse ka schneien, op dëse Sonnden an e Méinde wäert leeën.
De momentane Stand ass deen, dass de Reen am Laf vum Sonnden opgrond vun Temperaturen, déi zréckginn, wäert no a no a Schnéireen an och deels schonn a Schnéi iwwergoen. Mir schwätzen heibäi awer haaptsächlech vun den héchste Koppen, soss ass a bleift et dann gréisstendeels Reen an héchstens Schnéireen. Dës Nidderschléi halen, zwar mat Ënnerbriechungen, bis an de Méinden eran un – an doduerch ass et net ausgeschloss, dass et iergendwou op den héchste Koppen zu engem dënne Flom u Schnéi ka kommen. Méi wäit nërdlech, an der belscher an däitscher Äifel, do kann et zu e puer Zentimeter Schnéi kommen, deen definitiv fir de Schlitt duergeet.
Minimal Chancen op wäiss Chrëschtdeeg heiheem?
Doduerch, dass et eng kleng Warscheinlechkeet op eng minimal Schnéicouche op de Koppe vu Lëtzebuerg gëtt, ass et net onméiglech, dass e bëssen eppes dovun och nach kann iwwer Hellegowend a Chrëschtdag leie bleiwen. Mir geroden zwar zouhuelend ënner Héichdrockafloss, mee wéi dat esou typesch ass, bleift et bei esou enger Wiederlag iwwert dem Schnéi däitlech méi kal wéi do, wou kee Schnéi läit. Natierlech hänkt dat awer och dovun of, wéi vill schlussendlech leie bleift, an déi Fro kann ee momentan net wierklech beäntferten. Mee jo, fir den äussere Norden besteet eng minimal Warscheinlechkeet.
Däitlech méi héich ass se awer ëmmer nach an der belscher an däitscher Äifel, besonnesch op iwwer 600 Meter. D’Wiedermodeller berechne fleckeweis eng Schnéicouche vun tëscht 4 an 8 cm, deels méi. Dass dovun nach eppes bis Hellegowend oder Chrëschtdag ka leie bleiwen, ass bei wäitem méi probabel – ebe well et och dagsiwwer iwwert dem Schnéi méi kal bleift, wéi sou munch Modeller dat undeiten.
Fazit
Een, deen iwwert d’Chrëschtdeeg no Schnéi sicht, fënnt säi Gléck an der Äifel – an deemno wéi kann eppes minimales fir den äusserste Norde vu Lëtzebuerg iwwereg bleiwen. Fir all aner Géigend ass eng relevant Schnéicouche zimmlech onwarscheinlech.