Wäisse Punkt um Nuetshimmel: Un dësen Zäiten ass d’ISS ze gesinn

D’International Raumstatioun ISS flitt an enger duerchschnëttlecher Héicht vu 400 Kilometer ronderëm eis Äerd an ëmkreest de Globus all ~90 Minutten eng Kéier. Vun hei ënnen ass se an de Nuechten ëmmer erëm mam bloussen Aen ze erkennen.

Eng vun de meeschtgestallte Froen

Eng vun de Froen, déi bis ewell am meeschte gestallt gouf, war déi, wat dann den helle wäisse Punkt wier, dee net blénkt (un an aus) a séier virunzitt. Dohannert stécht meeschtens d’International Raumstatioun ISS als Léisung, anerefalls handelt et sech ëm soss Satellite wéi beispillsweis dem Starlink-Projet vu SpaceX. Hei drënner fannt Dir d’Zäiten, un deenen d’ISS mat 7,66 km/s (27.579 km/h) iwwert de Lëtzebuerger Himmel zitt.