Wand-Update: Duerch Kalfront stiermesche Wand/Stuermstéiss an der Nuecht op e Samsde méiglech

Wéi mir et schonn bal eng Woch um Schierm hunn, passéiert eis de Weekend eng Kalfront. D’Modeller bleiwen bei enger e bësse méi turbulenter Berechnung a weise weiderhin stiermesche Wand bis hin zu Stuermstéiss fir d’Nuecht op de Samsden.

Advertisement

De groussen Ëmschwong kënnt

Déi vill gro Wolleken an de Reen, deen mir haut dobausse gesinn/gesinn hunn, sinn och Deel vun enger Kalfront. Dës ass allerdéngs net esou gutt ausgepräägt a beweegt sech net vu West no Ost iwwert eis ewech, mee sträift eis just. Méi interessant gëtt et awer um Samsden, wou eis eng méi markant Kalfront erwaart. Dëst heescht elo net, dass eis immens vill Reen erwaart, mee éischter, dass de Wand wuel zäitweis zimmlech aktiv gëtt.


Hei gesäit ee ganz gutt den Austausch vu waarme Loftmassen duerch kal Loftmassen | Animatioun: wxcharts.com

Mat dobäi kënnt dann den eigentlechen Effekt vun der Kalfront, eis Temperature maache nämlech en markante Knéck no ënnen. Den Oktobersummer geet op en Enn an et gëtt endlech mol méi hierschtlech, genee wéi et soll sinn.

De Verlaf

Muer um Freide gëtt et no a no méi wollekeg, iwwert dem Weste vu Frankräich & dem Ärmelkanal steet d’Kalfront fir de Samsdemoie schonn prett. Mierken dinn mir awer nach net all ze vill dovun, well mir jo dann nach op der viichter Säit dovu leien. Zesumme mat héijem Loftdrock iwwert dem Mëttelmierraum an och dem méi wäiten Oste vum Kontinent kënnen dann och kuerzzäiteg däitlech ze waarm Loftmassen ugezaapt ginn. Eis Temperaturen erreechen op e Neits e Maximum vu 26 Grad! De Wand ass och schonn e bësse méi aktiv an erreecht an de Spëtzte Vitesse vun tëscht 40 a 50 km/h.


D’Wandvitessen fir de spéide Samsdenowend laut GFS-Modell | Grafik: wxcharts.com

A Richtung Mëtternuecht gëtt de Wand awer no a no méi staark, virun allem vu kuerz viru Mëtternuecht un bis an de fréie Samsdemoien eran si Wandspëtzten vun tëscht 50 a 75 km/h ze erwaarden – also stiermesch Wandstéiss. Eenzelne Modeller no kéint och mol vereenzelt eng 80 km/h dobäi sinn (per Definitioun Stuermstouss), sollt awer éischter eng Ausnam sinn. Den Zäitpunkt, bis den et nach méi ongemittlech bleift, variiéiert de Modeller no tëscht 06 an 10 Auer moies. Duerno gëtt et manner wollekeg, d’Sonn kënnt sech ëmmer méi oft weisen an de Nidderschlag sollt kee gréissert Thema méi sinn. De Wand gëtt och e bësse méi schwaach an hält sech an de Spëtzte mol nach bei tëscht 30 a 50 km/h op.