Wand-Update: Modeller sprange vu lëfteg op lokal stiermesch fir de Weekend

Gëschter nach hate mir bei der Analys vun der Grousswiederlag erkannt, dass et deemnächst wuel och méi lëfteg ka ginn. An Tëschenzäit ass d'Warscheinlechkeet vun esouguer stiermeschen Entwécklungen awer an d'Luucht gaangen.

Advertisement

Advertisement

D’Situatioun

An Tëschenzäit rëtsche mir jo erëm méi ënnert eng Westwiederlag. Am Artikel vu gëschter hu mir driwwer geschwat, dass duerch dës Ëmstellung der Theorie no souwisou Zenarien, déi mat engem méi spierbare Wand verbonne sinn, däitlech méi warscheinlech ginn. D’Modellrechnunge vun den Owend gesinn awer net nëmmen e lëftege Wand op eis duerkommen, mee verschiddener ginn esouguer a Richtung stiermesch. Kucke mir eis dat Ganzt mol un.

D’Modeller ënnert sech

Bezéie mir eis op d’Berechnunge vum amerikanesche Wiedermodell GFS, da wieren vum Samsdenomëtten un stiermesch Wandstéiss vun tëscht 60 a 70 km/h an de Spëtzten ze erwaarden.


De Verlaf laut dem europäesche Wiedermodell | Animatioun: wxcharts.com

Den europäesche Modell rechent virun allem fir d’Koppen an der Nordhallschent vum Land mat enger klenger Warscheinlechkeet vu Stuermstéiss vu bis zu 80 km/h. Den däitsche Modell geet an déi selwecht Richtung.

D’Situatioun ass eng kniffleg

Bei dësem Wandfeld handelt et sech ëmt e Randdéif. Dëst Randdéif gehéiert zu engem gréisseren Déifdrockkomplex, deen vum mëttlere Nordatlantik a Richtung brittesch Inselen zitt. Et kann ee sech also esou virstellen, wéi wann dat klengt Randdéif wéi mat engem Lastik ronderëmt de grousse Komplex katapultéiert gëtt. Et wäert also mat enger grousser Vitesse ënnerwee sinn, iwwerdeems d’Randdéif selwer immens kleng ass. Aus aktueller Siicht gesinn si Spëtzte bis ëm 65 km/h am warscheinlechsten – déi méi héich Vitessen, déi virdru genannt goufen, sinn awer och nach net komplett aus dem Spill.


De groussen Déifdrockkomplex iwwert dem Atlantik | Animatioun: wxcharts.com

Et gëtt also eng spannend, mee keng ongewéinlech Situatioun.