Wand-Update: Muer an och um Sonnden weiderhi stiermesch Ofschnëtter

Wéi schonn matgedeelt, erwaarden eis de Weekend weider Randdéifer, duerch déi et erëm Phaseweis stiermesch bei eis gëtt. An dësem Artikel fannt Dir d’Fuerpläng.

Advertisement

D’Situation

Kënnt Dir Iech un d’Déifdrockstrooss erënneren, déi mir den 23. Oktober ugekënnegt haten? Genee déi selwecht Konstellatioun ass weiderhin iwwert eise Käpp ze fannen, wat och bedeit, dass weider Randdéifer hire Wee op Lëtzebuerg packen. An engem Artikel vu gëschter hate mir schonn iwwert d’Potenzial vun engem stiermesche Samsden a Sonnde geschwat, hei ass de neiste Stand dozou.


D’Gesamtsituatioun bis e Sonnden | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

En éischt klengt Randdéif zitt vu Mëtternuecht un vum äusserste Weste vu Frankräich iwwert den Ärmelkanal a Richtung Nordséi. Doduerch gëtt et vum Virmëtten bis an den Owend däitlech méi lefteg, ier sech de Wand awer erëm kuerz leet. An dëser kuerzer Phas rechnen déi meescht Modeller mat Spëtzten vun tëscht 50 a 75 km/h, wat also ënnert der Warnschwell vu Météo Boulaide läit. Nëmmen eenzel Modeller gesi Spëtzte bis 80 km/h op eis duerkommen, mee dësen Zenario ass net all ze vill an de Kaarten ze fannen. Dohier gëllt fir dës stiermesch Phas, Stand aktuell, keng Warnung. Och ouni Warnung sollt ee sech awer driwwer bewosst sinn, dass Beem an Äscht an d’Stroosse kënne falen.


D’Wandvitessen fir déi éischt Phas | Grafik: wxcharts.com

An enger zweeter Phas erreecht eis am Laf vum spéidere Samsdenowend e weidert Wandfeld, ausgoend vun engem weidere Randdéif. Dëst beweegt sech mat sengem Kär vu knapp westlech vun de britteschen Inselen och op d’Nordséi eraus. De Risk vun de méi stiermesche Wandstéiss géif am Laf vum Sonndenomëtten zréckgoen. Wat d’Modellauswäertung ugeet, ass d’Warscheinlechkeet vum Erreeche vu Warnschwellen (Spëtzten ab 75 km/h) e Stéckche méi héich wéi wärend der éischter Phas – wann awer och net immens héich. An de Spëtzte wiere mir bei tëscht 60 an 80 km/h ënnerwee.


D’Wandvitessen fir déi zweet Phas | Grafik: wxharts.com

Sollt sech un den zwou Phasen modellméisseg näischt méi änneren, da kéint et, wann dann, éischter fir déi zweet Phas zu enger niddereg ugesater Wiederwarnung vum éischte Niveau kommen.