Wand-Update: Vum Samsdenowend u plazeweis Stuermstéiss ze erwaarden

En Dënschden hate mir eng éischt Kéier driwwer geschwat. Déi nei Modellrechnunge weisen ëmmer nach stiermesch Wandstéiss bis lokal esouguer Stuermstéiss fir de Samsdenowend.

Advertisement

Advertisement

D’Situatioun

En Déifdrockkomplex, deen vum Nordatlantik hier déi brittesch Inselen errecht, schleidert e Randdéif un d’Nordséiküsten. Duerch dëst Randdéif gëtt e Wandfeld inklusiv engem Frontesystem an eis Géigende gelenkt, wat mir muer um Samsden ze spiere kréien. De Maximum sollt vum Owend bis an d’Nuecht op e Sonnden zéien.

De Verlaf

E Samsde starte mir mat engem nach net wierklech opfällege Wand an den Dag eran, an de Spëtzte si mir mat tëscht 30 a 40 km/h ënnerwee. Vum Nomëtten un heefe sech d’Vitessen ëm 40 km/h, lokal ka schonn un de 50 km/h gekrazt ginn. Héichopgeléiste Modeller no kann eis am spéidere Nomëtten och punktuell eng 60 km/h erwaarden, ier et dann erëm e kuerze Moment liicht manner lëfteg sollt ginn.


De viraussiichtlechen Oflaf laut franséischem ARPEGE-Modell | Animatioun: wxcharts.com

De relevanten Deel geet géint 20 Auer un, Vitessen vun tëscht 60 a 70 km/h ginn ëmmer méi warscheinlech. Wärend dem Passage vun der Front kann et punktuell och mol fir eng 80 km/h duergoen, virun allem well dës a Verbindung mat méi kräftege Nidderschlagssegmenter steet – dës Vitesse géifen op alle Fall Stuermstéiss an enger Warnung vun der éischter Stuf entspriechen.

D’Modeller si sech just nach net eenz, wéi laang dës stiermesch Phas soll unhalen. Déi eng soen, dass et um fréie Sonndemoien erëm sollt ofhuelen, iwwerdeems anerer der Meenung sinn, dass et sech bis an de Virmëtten eran zitt. Dëst bleift also mol nach ze kläeren – de ganze Rescht schéngt awer zimmlech kloer ze sinn. Och wann dës Vitessen ëmmer erëm bei eis virkommen a näischt aussergewéinleches sinn, sollt een awer, falls een z.B dobaussen op engem Chrëschtmaart ënnerwee ass, sech definitiv de Wiederkonditiounen upassen.