E puer Deeg laang hale mir d’Situatioun a Saache Wand schonn am Aen. Muer um Méinde gëtt et lëfteg bis lokal stiermesch, en ausgewuessene Stuerm erwaart eis awer net.
D’Wieder schléit ëm
Een, deen reegelméisseg hei erakuckt, wees: Geschwënn war et dat mam Wanter! Net nëmmen d’Temperature klammen, mee och d’Wandvitessen. De Moment zitt e kräftege Stuerm op déi brittesch Inselen duer, deen dohannen duerchaus mol fir Orkanstéiss vun ëm 150 km/h ka suergen.
Duerch de selwechte Stuerm gëtt och zu Lëtzebuerg de Wand däitlech méi spierbar – mee keng Angscht: Eis erwaart keen ausgewuessene Stuerm.
De viraussiichtleche Verlaf
Vun der zweeter Nuetshallschent un ginn an de Spëtzte no a no méi oft 50 bis 60 km/h erreecht. Vum fréie Méindemoien un ass mat kräftege Wandstéiss bis stiermesche Wandstéiss vun tëscht 60 a 75 km/h ze rechnen. Dës Vitesse kënne bis an de Nomëtte vun Zäit zu Zäit ëmmer erëm virkommen, nëmmen am Fall vun enger Ausnam kann et fir 80 km/h duergoen. Och iwwert den Owend bis an den Dag drop bleift et lëfteg, d’Vitesse falen awer net méi esou héich aus.
Heescht also, dass eis e fir d’Joreszäit normale lëftege bis liicht stiermeschen Ofschnëtt erwaart. Just ganz punktuell ka mol d’Warnschwell vun de 75 km/h touchéiert/iwwerschratt ginn.
E Mëttwoch gëtt et a Saache Wand nach eng Kéier interessant. Aktuell gesäit et no änleche Vitessen aus – et ginn awer och méi héich Optiounen. Dëst ass en Thema fir méi spéit.