Wandfeld vum Orkan CIARÁN wäert och Lëtzebuerg beaflossen – Wat erwaart eis?

Et steet fest, dass den äusserste Westen a Nordweste vu Frankräich an der Nuecht op den Donneschden vum geféierlechen Orkan CIARÁN erwëscht gëtt. Heiheem wäerte mir awer och an den Aflossberäich vum Wandfeld geroden. Op wat kënne mir eis astellen?

Advertisement

Och zu Lëtzebuerg gëtt et stiermesch

Vum Orkan CIARÁN wäert een an de nächsten Deeg nach zimmlech oft an de Norichten héieren, well en iwwert dem Westen a Nordweste vu Frankräich warscheinlech fir gréissere Schued wäert suergen. D’Wiedermodeller rechne mat Spëtzten vun tëscht 150 an 190 km/h, dat virun allem un de Küsten vun der Bretagne an och der Normandie. Iwwerdeems de Stuerm mat sengem Kär iwwert de Südosten vun de britteschen Inselen a Richtung Nordséi wandert, breet sech d’Wandfeld och op Lëtzebuerg aus. Natierlech kréie mir keng Vitessen, déi an iergendenger Weis mat deenen aus Frankräich ze vergläiche sinn, an awer kann et mol uerdentlech päifen.

Hei e puer Modellrechnungen zu de Wandvitessen, déi viraussiichtlech vum fréien Donneschdemoien u kënnen zu Lëtzebuerg optrieden:

  • GFS: 60 – 80 km/h
  • ECMWF: 70 – 90 km/h
  • ICON-EU: 75 – 90 km/h
  • SHD: 80 – 100 km/h
  • UKMO: 75 – 90 km/h
  • ARPEGE: 35 – 65 km/h
  • SWISS-MRF: 50 – 75 km/h

Duerchschnëttlech gesinn sinn aus aktueller Siicht gesinn vum fréien Donneschdemoien un bis an de Nomëtten eran stiermesch Wandstéiss bis hin zu Stuermstéiss vun tëscht 64 – 84 km/h méiglech. Et sief awer och gesot, dass eis an der Nuecht op den Donneschden och eng Kalfront passéiert, un där méi kräfteg Schauersegmenter kënnen optrieden – och en Donnerwieder ass net ausgeschloss. Do wou dat de Fall ass, besteet séier de Risk vu schwéiere Stuermstéiss vun ëm 100 km/h.


De viraussiichtleche Verlaf vun de Wandspëtzten laut ICON-EU Modell | Animatioun: wxcharts.com

Donnéeën vum SHD & SWISS-MRF-Modell: Kachelmannwetter