Wanter-Comeback: Schnéireen a Schnéischauere vum Méinden un

De Méinde steet eis e markante Wiederchangement un. Trotz de knapp iwwer 26 Grad, déi de vergaangene Mëttwoch opgetruede sinn, fale mir elo zréck an de Spéitwanter.

Grousswiederlag stellt sech ëm

Fir de Rescht vum Weekend leie mir nach ënnert den Afloss vun enger grousser Héichdrock-Zong. Ee vun de Käre läit iwwert dem Alperaum. Doduerch ass all dat, wat dobausse vum Atlantik komme kéint, ofgeblockt. D’Resultat: et bleift roueg a nach meeschtens roueg zu Lëtzebuerg. Wat d’Temperaturen ugeet hu mir zwar elo schonn eng gewëss Differenz am Géigesaz zu de vergaangenen Deeg opzeweisen, mee dat wat vum Méinde kënnt wäert dës Differenz an de Schiet stellen.


D’Grousswiederlag um Méinden | Grafik: wxcharts.com, Edit Météo Boulaide

Vum Méinden un mécht sech een Déifdrockgebitt an d’Wiedergeschéien an, wat mat sengem Kär iwwer Skandinavien läit. Dëst suergt dofir, dass tëscht dësem Déif an dem groussen Héich iwwert dem Atlantik polar Loftmassen duerchgequetscht ginn. Duerch d’Stréimungsmuster ginn dës Loftmassen a Richtung Mëtteleuropa a soumat och op Lëtzebuerg gelenkt. Et ass also, nodeems et elo de Weekend schonn gutt 10 Grad méi kal ginn ass, mat engem weideren Temperaturstuerz ze rechnen.

Et geet u mat enger Kalfront

Déi kill Loftmasse wäerten duerch eng Kalfront bei eis ukommen, dat vum fréie Méindemoie-/Méindevirmëtten un. D’Temperature pendle sech zu dësem Zäitpunkt am Norde vum Land tëshct 0 an 3 Grad an, an der Südhallschent ass et mat 2 bis 4 Grad nach am wäermsten. Ganz am Südoste kënnen se sech esouguer nach méi laang bei ëm 6 Grad halen. Mat de kille Loftmasse komme Nidderschléi eragezunn, déi duerch déi niddreg Temperaturen ebe net ëmmer nëmmen als Reen erofkomme, mee als Schnéireen a lokal och Schnéi. D’Chancen op Schnéischauere sti logescherweis op de Koppen am Norden am beschten, mee och op anere Plaze kann et mol eng Flack aus de Wolleke blosen. Egal ob Schnéi oder net, vum Méinden u klëmmt am ganze Land de Risk vu glate Stroossen – dat bis viraussiichtlech de Mëttwoch inclus. D’Maximaltemperaturen hale sech um Dënschden bei tëscht 2 a 6 Grad op, um Mëttwoch tëscht 2 a 7 Grad. Aktuelle Modellrechnunge no besteet den Dënschden esouguer de Risk vu Wanterdonnerwieder.

Déi potenziell Schnéihéichten

Trotz den ugekënnegte Schnéiflacke kënne sech awer nëmmen déi mannst iwwer eng kleng Warscheinlechkeet vun enger Schnéicouche freeën. Den amerikaneshce GFS rechent besonnesch ganz am äusserste Norden domat, dass tëscht dem fréie Méindemoien an dem Dënschdenowend tëscht 1 a 4 cm op den héchste Koppe leie bleiwe kann. Soss sollt et am ganze Rescht vum Land net zu enger Couche kommen – Flacke wieren awer trotzdeem mol dran. Méi optimistesch ass den europäeschen ECMWF. Dëse rechent mat tëscht 0,5 an 3 cm uechter d’Land, haaptsächlech op de Koppen am äusserste Norde wieren ëm 3 cm net ausgeschloss.

De Fazit: Et gëtt wuel erëm méi wanterlech, dat mat engem Risk vu glate Stroossen. Et kann ëmmer erëm zu Flacken tëscht dem liichte Reen kommen, oder eben och zu Schnéischaueren op de méi héije Plazen (ca. ab 400-450 Meter am warscheinlechsten). Eng lokal Schnéicouche ass méiglech, mee déi wäert net weider der Ried wäert sinn.