Hellegowend & Chrëschtdag réckelen ëmmer méi no an d’Modeller confirméieren pünktlech dann den Abroch vu polare Loftmassen.
Déi aktuell Situatioun
Wéi an de leschten Updates gesot, ass d’Warscheinlechkeet fir wanterlecht Wieder fir de Schluss vum Joer dës Kéier esou héich wéi schonn laang net méi. An och elo kann een ëmmer nach soen, dass d’Modeller pünktlech fir Hellegowend/Chrëschtdag a Richtung Wanter ginn.
Elo de Moment, Stand Méinden, 21. Dzeember 2020, leie mir ëmmer nach ënnert de méi mëlle Loftmassen. Dëst duerch déiwe Loftdrock iwwert dem Atlantik an héije Loftdrock iwwert dem méi wäiten Oste vum Kontinent. Dotëscht gi naass, mee awer och mëll Loftmassen aus dem Südwesten op Lëtzebuerg gelenkt – wat de Grond dofir ass, dass mir et muer um Dënschde mee och um Mëttwoch nach eng Kéier mat bis zu 14 Grad am Dag ze di kréien, wat vill ze waarm fir d’Joreszäit ass. E markante Kontrast erwaart eis dann awer an der Nuecht op Chrëschtdag.
Ëmstellung vun der Grousswiederlag bréngt polar Loftmassen
Vum Mëttwoch op Hellegowend zitt e Randdéif vum Ärmelkanal hier iwwer BeNeLux eriwwer iwwert de Norde vun Däitschland a Richtung Polen. Duerch dës Beweegung kënnt et zu engem Tausch vun den Drockgebitter: elo mécht sech iwwert dem ëstlechen Atlantik héije Loftdrock breet iwwerdeems mir et iwwert dem Oste vum Kontinent mat déiwem Loftdrock ze dinn hunn. Doduerch leie mir net méi ënnert enger mëller südwestlecher bis westlecher Stréimung, mee ënnert enger killer a fiichter Nordweststréimung déi eis polar Loftmassen a Richtung Lëtzebuerg transportéiert. Fir Hellegowend a Chrëschtdag gëtt et mat grousser Sécherheet also méi wanterlech, de Frascht an de Risk vu glate Stroosse wäert schonn mol sécher op mannst an de Nuechten iwwerall kënnen en Thema ginn. Just dat mam Schnéi muss nach e bëssen am Aen gehal ginn.
De Grond: Et ass gutt méiglech, dass et op e puer Plaze schneie wäert – mee leider bleift trotz dëse méigleche Schauere net iwwerall och wierklech eppes dovu leien. Dat hänkt staark mat den direkten Temperaturentwécklungen of, déi op engem jeeweilege Standpunkt optrieden. Geet ee vun dëser Logik aus, da wäert d’Warscheinlechkeet vun enger dënner Schnéicouche a Form vun engem Flom an der Nuecht op Chrëschtdag op den héchste Koppen am Norden am héchste sinn. Wéi den amerikanesche GFS et gesäit, kéint et besonnesch a Richtung fréie Freidemoien (Chrëschtdag) och zäitweis e bësse méi kräfteg schneien, mee fir esou Détailer ass et nach e bëssen ze fréi. U Chrëschtdag selwer soll et dann dagsiwwer erëm méi dréche sinn, ier um Owend erëm eenzel Schnéiflacke net auszeschléisse wieren. Wat d’Modellrechnungen ugeet ass den amerikanesche GFS de Moment e gutt Stéck méi optimistesch ënnerwee wéi den ECMWF. D’Modeller ICON an ARPEGE rechnen de Moment mat eenzelne Flacken, mee gesi keng Schnéicouche op eis duerkommen.
Heescht also: Jo, et gëtt genee fir de genannten Zäitpunkt erëm wanterlech bei eis, mee de wierklech grousse Schnéi sollt et awer nach net ginn. Et schéngt awer mol de wanterlechste Chrëschtdag zanter Joren ze ginn, egal ob Schnéi oder net.