Wanter probéiert et erëm: Ufanks nächster Woch weideren Abroch vu kale Loftmasse méiglech

E Bléck op déi momentan Modellrechnunge verréit, dass et mat den immensen Temperaturschwankunge virugoe kéint. Fir de nächste Méinde gëtt en Temperaturréckgang berechent.

Advertisement

Verännerung vun der Grousswiederlag

Elo an der zweeter Wochenhallschent gëtt et ëmmer méi variabel, dat hu mir an de leschten zwee Artikelen am Détail gesinn. E Sonnde wier dem momentane Stand no e weidere Changement méiglech, nämlech den, dass sech eng Héichdrockbréck forméiert a sech vun de britteschen Inselen hier bis a Portugal erstreckt. Den Atlantik wier domat blockéiert, iwwerdeems déiwe Loftdrock iwwert dem Oste vum Kontinent positionéiert wier. Duerch dës Konstellatioun wier d’Bunn fräi fir e weideren Abroch vu polare Loftmassen, deen eis esouguer nach eng Kéier Schnéiflacke brénge kéint.

Dem amerikanesche Wiedermodell GFS no passéiert eis e Sonndenomëtten e Randdéif, op dem senger Récksäit déi kill Loftmassen esou lues géifen ukommen. Et besteet eng kleng Warscheinlechkeet fir Schnéireen. Den europäesche Modell ECMWF weist sech awer méi optimistesch a gesäit an der Nuecht vum Sonnden op de Méinden e Nidderschlagsgebitt mat Schnéi duerchzéien, deen och mol bis méi wäit erof fale kann. Fir de Méinde rechent den amerikanesche Modell dagsiwwer ëmmer erëm mat Schnéi- & Schnéireenschaueren, esou änlech wéi och den europäesche Modell.

Nach ass nach näischt definitiv. Mee sollten déi kill Loftmassen an där Form komme, wéi déi zwee Modeller dat duerchschnëttlech berechnen, da wier besonnesch op de Koppen erëm déi eng oder aner Flack dobäi. Ob et fir de Süden duergeet, ass aus aktueller Siicht a Fro ze stellen. Soubal et méiglech ass oder falls néideg kënnt natierlech en Update dozou.