Wanter-Update: D’Modeller weisen ëmmer nach Schnéi-Zenarien vum Méinden un

An Tëschenzäit wësse mir jo iwwert déi spannend Wiederlag, déi eis fir d’nächst Woch usteet, Bescheed. An tatsächlech: Ëmmer erëm rechnen d’Modeller mat op d’mannst e bësse Schnéi.

Wat geschitt?

An de leschten Updates si mir ganz genee op d’Situatioun agaangen. Fir et awer nach eng Kéier kuerz ze beschreiwen: Mëtt nächster Woch läit en Déifdrockgebitt iwwert dem Südwesten/Weste vun Europa, iwwerdeems e weidert Déifdrockgebitt iwwert dem skandinavesche Raum läit. Duerch dës Konstellatioun gi wanterlech kill Loftmassen aus Nordeuropa an de Süde geschéckt, iwwerdeems däitlech méi mëll Loftmassen a Richtung Nordeuropa wanderen.


De viraussiichtleche Verlaf vun der Grousswiederlag inkl. Loftmassegrenz géint Mëtt der Woch iwwer Mëtteleuropa | Animatioun: wxcharts.com

Do wou se openeentreffen entsteet eng Loftmassegrenz – an d’Modeller si sech ebe nach net genee driwwer eenz, wou genee dës leie wäert. Kënnt Lëtzebuerg op déi kill Säit dovun, da wier mat signifikante Schnéiquantitéiten ze rechnen. Komme mir op déi méi mëll Säit, da kann et zwar och schneien, mee bei wäitem net esou vill. Tëschenduerch wier dann och ëmmer erëm Reen dobäi. Et gëtt also zimmlech spannend.

De momentane Modellstand

Wa mir déi momentan Modellrechnungen ënnert d’Lupp huelen, dann erkenne mir beim amerikanesche Modell GFS dass eis schonn an der Nuecht op e Méinden vu Nordwesten hier déi éischt liicht Schnéischauere kéinten ustoen. Bis an de Méindenomëtten era kéinten där ëmmer erëm mol erofkommen, dobäi kéint et dann och e bësse wäiss ginn. Déi ganz grouss Quantitéite sinn allerdéngs net ze erwaarden. Fir en Dënschde rechent de Modell mat ville Wolleke mee zimmlech wéinege Nidderschléi, ier et dann am Laf vum Mëttwoch interessant gëtt: Vum fréie Moien un dréckt d’Nidderschlagsgebitt vum genannten Déif iwwer Westeuropa eran – laut dem amerikanesche Modell soll et awer just nach kuerzzäitegz u Schnéi kommen, ier alles a Reen iwwergeet. De ganzen Dag soll et reenen, eréischt um fréien Donneschdemoie wier erëm e kuerzzäitegen Iwwergang a Schnéi méiglech. Déi nächst Chancen op Schnéi hätte mir erëm am Laf vum Freidenomëtten/Owend.


Den amerikanesche Modell gesäit gréisstendeels Reen fir e Mëttwoch | Grafik: wxcharts.com

Och den europäesche Modell ECMWF gesäit schonn am Laf vum Sonnden e puer vereenzelt Schnéischaueren, och wärend dem Méinde kéinten dës weiderhin optrieden. Den Dënschde soll, wéi och de GFS et gesäit, zimmlech dréche verlafen. Vum fréie Mëttwochmoien u soll eis aus Westen erëm d’Nidderschlagsgebitt erreechen, woubäi de Gros als Schnéi erofkënnt. Besonnesch an der Nordhallschent vum Land kann et bis an de Nomëtten era schneien, iwwerdeems et fir de Rescht meeschtens zu Reen oder Schnéireen kënnt. Spéitstens vum Nomëtten un gëtt et iwwerall ze waarm fir Schnéi, mir kriiten et mat Reen ze dinn – dëse kéint dann och méi kräfteg ausfalen. Eréischt um spéideren Owend an och an der Nuecht op en Donneschde géife mir duerch déi méi kal Récksäit vum Déif erëm e bësse Schnéi kréien. Bis op e puer eenzel Ausname géif et an den Deeg drop gréisstendeels dréche bleiwen.


Den europäesche Modell gesäit bis an de Virmëtten era nach Schnéi | Grafik: wxcharts.com

Kucke mir eis déi berechent Schnéihéichten un, da géife mir dem amerikanesche Modell no e Mëttwoch tëscht 1 an 3 cm Schnéi an der Südhallschent a punktuell mol bis ëm 9 cm am Norden ofkréien. E Freidenowend sollten dann just nach tëscht quasi näischt a fläit mol knapp iwwer 1 cm dovun iwwerëg bleiwen.


De Verlaf vun der Schnéicouche bis de nächste Weekend laut europäeschem Wiedermodell | Animatioun: wxcharts.com

Den europäesche Modell gesäit fir e Mëttwochmëtten eng Couche vun tëscht 2 a 6 cm am Land verdeelt, e Freidenowend wieren dës awer just nach 1 bis héchstens 4 cm.

De Fazit

D’Modeller sprange stänneg tëscht immens grousse Quantitéiten an e puer wéinegen Zentimeter hin an hier. Et däerf ee gespaant sinn, fir wéi eng Richtung se sech an Zäit vun de nächsten Deeg wäerten entscheeden. E puer Schnéischauere sollten op alle Fall awer egal wéi dra sinn. Mir liesen eis am nächsten Update!