Wanter-Update: Kal Loftmasse komme sécher, mee Schnéi-Détailer si nach op

D’Wiedermodeller confirméiere mëttlerweil den Abroch vu wanterleche Loftmasse fir d’nächst Woch. Dass dëst net automatesch och immens vill Schnéi muss bedeiten, ass awer och e wichtegen Détail.

Advertisement

D’Wiedermodeller stëmme wanterlechem Trend zou

Wéi Dir et schonn duerch déi ganz Rëtsch un Updates, déi mir bis ewell zu dësem Thema gemaach hunn, mierkt, kann een déi ustoend Grousswiederlag schonn mol confirméieren. D’Berechnungen zu dëser weisen eis jo, dass eis d’nächst Woch, haaptsächlech vum Dënschden oder Mëttwoch un, op der Récksäit vun engem groussen Déifdrockkomplex polar Loftmassen erreeche sollen.


Déi generell Grousswiederlag fir Mëtt nächster Woch | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

Dës Loftmasse wiere kal genuch fir Schnéi – ob a wéi vill et schneit hänkt awer vun engem anere Faktor of. Dësen huet och e groussen Afloss op d’Wandentwécklung, déi bei engem groussräimege Setup, wéi en d’nächst Woch virzefannen ass, och fir stiermesch Zenarien oder esouguer markant Stuermdéifer suerge kann.

D’Randdéifer entscheeden iwwer villes

Reegelméisseg Lieser vu Météo Boulaide kënne bestëmmt schonn de Begrëff “Randdéif” oder “Schnellleefer”. Et handelt sech dobäi ëm kleng Déifdrockgebitter, déi un e gréissert Déifdrockgebitt gekoppelt sinn. Meeschtens leie se um Südrand vun de grousse Gebitter a sinn duerch de Schwong, deen doduerch entsteet, och mat enger immens héijer Vitesse ënnerwee. Randdéifer sinn awer net nëmme séier, mee och zimmlech kleng – esou kleng, dass e puer Kilometer Differenz zu der Prognos oder Modellrechnung schonn fir immens grouss Ënnerscheeder kënne suergen. Dohier soen ech an dësem Zesummenhang och gären, dass et sech ëmt e gutt Beispill vum typesche “Butterfly Effect” handelt.


Passage vun engem typesche Randdéif, simuléiert vum däitschen ICON-EU-Modell fir d’nächst Woch en Dënschden | Animatioun: wxcharts.com

Déi ënnerschiddlech Wiedermodeller rechnen all no ënnerschiddleche physikaleschen Equatiounen e potenziellen Zenario an der Zukunft. Se all hunn jo elo um Schierm, dass et spéitstens e Mëttwoch kill genuch gëtt fir wanterlecht Wieder, mee hir Meenungen zu dëse komplexe Randdéifer si staark ënnerschiddlech. Et muss ee bedenken, dass engem wanterlech Loftmasse näischt bréngen, wann et keng bis bal keng Nidderschléi ginn, déi dann als Schnéi erofkéimen.

An dat bedeit elo wat?

Op wat ech erauswëll: Den amerikanesche Modell ass bis dato nach ëmmer DE Modell, deen a Verbindung mat de kale Loftmassen och am meeschte Nidderschléi berechent. Aus dësem Grond falen d’Berechnunge vun dësem Modell och ëmmer erëm mat potenziell gréissere Schnéiquantitéite fir eis Géigenden aus, aktuell gi beispillsweis erëm bis ëm 20 cm berechent (soubal et machbar ass, kucke mir eis déi generell méiglech Héichte méi genee un). Den europäesche Modell huet temporär just mol e klengen Zentimeter bis hin zu fläit emol 8 Zentimeter dran, wat doru läit, dass dëse Modell der Meenung ass, dass mir net esou oft an den Aflossberäich vu Randdéifer geroden, op d’mannst mol wat hir Nidderschlagsgebitter ugeet.

Wann een elo also e grousse Frënd vum Schnéi ass, muss een hoffen, dass an dëser potenter Loftmass och genuch Nidderschléi, also Randdéifer, iwwer Lëtzebuerg zéien – soss kréie mir net vill ze gesinn. Wat de méigleche Stuermzenario vun der Nuecht op en Dënschden/Dënschde selwer betrëfft, ass et änlech. Wéi staark de Wand wierklech gëtt, hänkt ganz alleng vun de klengräimegen Déifdrockgebitter of – eng exakt Prognos zu dësen ass meeschtens héchstens e puer Stonne bis hin zu engem Dag oder zwee Deeg am Viraus méiglech.