Wanter verschwënnt net aus de Kaarten: Spannend Aussiichte fir déi nächst Woch

Mir si mëttlerweil am meteorologesche Fréijoer ukomm. Dass dat net onbedingt eppes heesche muss, weisen eis déi momentan Modellrechnungen. Ufanks nächster Woch rechne se mat Schnéi.

Advertisement

D’Situatioun

Iwwerdeems mir et an dëser Woch mol nach haaptsächlech mat héijem Loftdrock ze dinn huet, deen sech esou just nach bei eis gehale kritt, soll d’Situatioun spéitstens e Méinde kippen: Den Héichdrock verzitt sech méi wäit an de Süde vum Kontinent, iwwerdeems déiwe Loftdrock an eise Géigenden iwwerhëlt. Doduerch kënnt net nëmmen eng kill, mee och eng fiicht westlech bis nordwestlech Stréimung a Positioun. D’Loftmassen, déi dobäi ugezapt ginn, wiere kill genuch fir spéitwanterleche Schnéifall.


Déi momentan berechent Situatioun fir en Dënschden mat engem Stuermdéif iwwert der Nordséi | Grafik: wxcharts.com

Déi momentan Aussiichten

Gi mir mol dovun aus, dass sech d’Situatioun genee esou ofspillt wéi mir se grad an de Modeller virfannen, dann hätte mir et deemno wéi schonn e Sonnde mat e puer vereenzelte Schaueren ze dinn, déi a Form vu Flacken erofkomme kënnen. Wierklech signifikante Nidderschlag sollt dobäi awer net erofkommen. Nodeems fir e Méinden déi selwecht Warscheinlechkeet bestoe soll, kéim am Laf vum Dënschden eng Kalfront aus Westen eragezunn. Duerch dës Kalfront kéim eng Schnéifront eragezunn, déi fir liichte bis hin zu méissegem Schnéifall suergt.


Déi momentan Aschätzung vum europäesche Modell ECMWF | Grafik: wxcharts.com

Wat d’Quantitéite betrëfft weist sech den europäesche Modell ECMWF guer net esou pessimistesch, dat mat 1 bis 3 cm fir d’Südhallschent an 3 bis 8 cm op de Koppen. Mir däerfen awer net vergiessen: Dëse Modell ass gréisstendeels ze optimistesch. Realistesch gesi kann een also e puer Zentimeter ofrechnen.


Déi momentan Aschätzung vum däitsche Modell ICON | Grafik: wxcharts.com

Fir e méi realistesche Vergläich ze hunn, huele mir den däitschen ICON Modell dobäi. Dëse gesäit zwar nach net grad bis den Dënschdenowend, huet bis en Dënschdemoien awer schonn Quantitéite vun tëscht 0 an 1 cm am Süden a bis ëm 4 cm am Norden um Programm stoen. Den amerikanesche Modell GFS gesäit eréischt fir en Dënschdenowend, dass op mannst minimal eppes leie bleiwe kann.

Fazit

Wéinst der zäitlecher Distanz kann ee sech nach net wierklech mat Schnéiquantitéite befaassen. Fir d’éischt muss mol d’Fro beäntfert ginn, ob et iwwerhaapt schneit – an dem aktuelle Stand no stinn d’Chancen dofir guer net mol esou schlecht. Météo Boulaide hält Iech natierlech um Lafenden.