Am Laf vum Samsden areecht eis aus Westen eng Okklusiounsfront, duerch déi et erëm zu Schnéifall komme soll. Zäitweis kann dëse Schnéifall och méi staark ausfalen.
“Schnéibomm” – wat ass do drun?
A verschiddene Medien liest een de Begrëff “Schnéi-Bomm” – wat suggereiere soll, dass eis am Laf vum Samsden zolitt Nidderschléi a Form vu Schnéi an och den entspriechende Neischnéiquantitéiten erwaarde sollen. Zwar kann et aus aktueller Siicht méi staark schneien, mee wat d’Quantitéiten ugeet ass et e bësse wäit aus der Fenster geleent, fir vun enger “Schnéibomm” ze schwätzen. Et ass einfach eng Okklusiounsfront, déi eis erëm e puer Nidderschléi a Form vu Schnéi op Lëtzebuerg bréngt.
Verlaf
Um Samsde starte mir nach gréisstendeels frëndlech an den Dag eran, plazeweis och eng Nummer méi gro duerch méigleche Niwwel. D’Temperature leien tëscht -8 a -4 Grad, an eenzelnen Däller och bei ëm -10 Grad. Am Virmëtte bleift et nach wäitgoend dréchen a mat Chance kënnt et nach zu eenzelne sonnege Momenter, mee dat sollt sech gläich änneren. Duerch d’Okklusiounsfront, déi eis vum Mëtten un ëmmer méi no kënnt, gëtt et och ëmmer méi wollekeg. D’Temperature klammen op tëscht -6 a -2 Grad. Och wann et séier méi wollekeg gëtt, loossen d’Nidderschléi nach e bëssen op séch waarden. Geet et dem amerikanesche GFS no, dann erwaarden eis déi éischt Flacken am spéidere Nomëtten/fréie Samsdenowend. Den europäeschen ECMWF ass e bëssen éischter drun a berechent schonn géint 16 Auer den éischte Nidderschlag am äusserste Weste vum Land. Den däitschen ICON gesäit dat änlech. Op alle Fall trëfft d’Nidderschlagsgebitt iergendwann tëscht dem spéidere Nomëtten a fréien Owend bei eis an a soll eis bis an déi zweet Hallschent vun der Nuecht op de Sonnden erhale bleiwen. Schonn kuerz virun 3 Auer soll de Nidderschlag ofhuelen, esou den GFS. D’Modeller ECMWF an ICON rechnen schonn méi fréi domat, dass de Nidderschlag erëm verschwënnt resp. méi schwaach gëtt.
D’Quantitéiten
Beim Duerchgang vun den deels méi kräftege Schnéischaueren kann erëm den een oder aneren Zentimeter Neischnéi dobäikommen. Den amerikanesche GFS rechent mat tëscht 2 a 6 cm, och den europäeschen ECMWF gesäit änlech Wäerter op eis duerkommen. Och dem däitschen ICON no sollen tëscht 3 a 6 cm falen, de franséischen ARPEGE ass mat tëscht 4 a 6 cm dobäi. Et ass also méiglech, dass sech d’Schnéicouche am Norde wéi och am Süden op lokal bis ëm 20 cm oder driwwer erweidert. Op den héchste Koppe ginn dës Wäerter elo schonn gemooss.