Wanterlech: Den Oflaf vun Hellegowend & Chrëschtdag

An Tëschenzäit ass e méi detailléierte Bléck op d’Wieder fir Hellegowend & Chrëschtdag méiglech.

De Wanter kënnt zréck

Esou lues kënnt eis Update-Rei zu de Prognosen fir d’Wieder ronderëmt Hellegowend & Chrëschtdag op en Enn. Vu muer u spillt sech den Zenario ongeféier esou of, wéi mir et an de leschten Deeg hei op dësem Site an de Berichter gesinn hunn. An der Nuecht op den Donneschde beweegt sech en Déifdrockgebitt vun der Nordséi hier a Richtung Polen, wat dozou féiert, dass eis Grousswiederlag ëmschléit. Mir komme vun der mëller Südweststréimung erof a geroden ënnert den Afloss vun enger wanterlecher & polarer nordwestlecher Stréimung. Dëst mécht eis d’Dieren fir méi wanterlech Entwécklungen hei zu Lëtzebuerg op: Frascht, glat Stroossen a Schnéi geroden an de Beräich vum Méiglechen.

Hei dann de Verlaf a Saache Wiederzoustand: An der Nuecht op Hellegowend komme weiderhi Nidderschléi an d’Land eragezunn, eis Temperature pendles ech tëscht 5 an 8 Grad an. Am Laf vum Dag vun Hellegowend kënnt et zu net all ze ville Nidderschléi, zäitweis kann et duerch e puer Schaueren awer naass ginn. Parallel dozou kommen an der Héicht ëmmer méi kill Loftmassen eragefloss, wouduerch besonnesch op den héchste Koppen am Norden d’Warscheinlechkeet vun eenzelne Flacken ënnert dem Reen an d’Luucht geet. Well d’Modeller awer net méi mat all ze ville Nidderschléi rechnen, wier dat dann ebe just wärend de lokale Schauere mol méiglech. Esou e flächendeckende Nidderschlag wéi haut um Mëttwoch erwaart eis net. Am ganze Rescht vum Land handelt et sech an de meeschte Fäll vun enger Schauer ëm Reen. Och am Norden, do wou déi eenzel Flacke méiglech sinn, ass d’Potenzial vun enger Schnéicouche éischter geréng. D’Biedem sinn einfach nach ze mëll. D’Temperature leien um Owend tëscht 1 an 3 Grad a ginn an der zweeter Nuetshallschent op tëscht 0 an 3 Grad zréck.


D’Grousswiederlag u Chrëschtdag | Grafik: wxcharts.com

An der Nuecht op Chrëschtdag kënnen dann nach ëmmer vereenzelt Schaueren optrieden. Um Moie leien d’Temperaturen tëscht -1 an 2 Grad an der Nordhallschent, am Süde meeschtens tëscht 0 an 3 Grad. Wann et zu Nidderschléi kënnt, da besonnesch an de fréie Moiesstonne bis an de fréie Virmëtten eran. Duerno gëtt et méi dréchen. Och hei gëllt ëmmer nach: Jo, et ka sech ëmmer nach deels ëm Schnéiflacken handelen, déi tëscht dem Reen optrieden, mee eng Schnéicouche sollt am ganze Land e méi schwéieren Exercice duerstellen. Egal ob Schnéi oder net: glat Stroosse kënnen trotzdeem en Thema ginn! D’Temperature leien am Dag tëscht 1 a 4 Grad, an der Nuecht op de Samsde ginn d’Wäerter op 2 bis -1 Grad zréck.

De Fazit

Eng grouss Ofwäichung vun den Updates virdrun ass dëst also net. Et weist glécklecherweis en zimmlech erfollegräiche Verlaf vun de Berichter: de Wanter gouf ugekënnegt an e kënnt och pünktlech fir Chrëschtdag zréck op Lëtzebuerg – dat a Form vu glate Stroossen, Frascht an e puer Flacken. Den eenzege Punkt dee mir fir dës Saison just nach iergendwann ofhake mussen ass deen, mat der wierklech nennenswäerter Schnéicouche am ganze Land. Mee do kéint et a Richtung Enn 2020 eventuell nach déi eng oder aner Iwwerraschung ginn. Météo Boulaide hält Iech weiderhin um Ball!

Livestream vum 22. Dezember 2020