Wanterleche Weekend: Wou schneit et? A wéi vill?

Mir wëssen jo elo, dass et de Weekend zimmlech warscheinlech wanterlech gëtt. Wat bis ewell awer nach net kloer war ass, wéi eng Géigenden eigentlech dovu wäerte betraff sinn. Alles wat bis ewell gewosst ass, fannt Dir an dësem Artikel.

Schnéifall heescht net onbedingt Schnéicouche

Wat fir dëse Weekend ganz wichteg ze wëssen ass, dass déi allermannst tatsächlech eng Schnéicouche ze gesi kréien. Dat, wat am aller warscheinlechsten ass, sinn e puer Flacken ënnert dem Reen – wat sech awer ännert, wat een méi héich iwwert dem Mieresspigel läit. Vum Freidenomëtten u geet d’Schnéifallgrenz op tëscht 500 a 600 Meter zréck, an der Nuecht lande mir bei tëscht 400 a 500 Meter. Dat heescht, dass d’Warscheinlechkeet vum éischte Schnéi op den héchste Koppe vum Land am gréissten ass. Déi Plazen, déi drënner leien, kréien et mat Reen an héchstens Schnéireen ze dinn.


De viraussiichtleche Nidderschlags-Verlaf laut europäeschem Modell | Animatioun: wxcharts.com

E Samsde läit d’Schnéifallgrenz gréisstendeels tëscht 500 a 600 Meter, d’selwecht och de Sonnden. Dovun ofgesinn ass souwisou net mat ville Nidderschléi ze rechnen, egal ob dat elo Schnéi oder Reen ass. D’Zäitfënster, an där déi lescht Zeile relevant sinn, läit also tëscht dem Freiden- a Samsdemëtten.

D’Schnéihéichten

Schnéifall heescht, wéi gesot, net onbedingt och eng relevant Schnéicouche – zumools wann et déi éischt richteg Geleeënheet vun der Saison ass. Trotzdeem kucke mir eis de momentane Modellstand mol zesummen un – dëst sinn déi méiglech Schnéihéichten bis de Samsdemëtten 12 Auer op iwwer 450/500 Meter:

  • GFS: 1 – 3 cm
  • ECMWF: 1 – 2 cm
  • ICON-EU: 0 cm
  • SWISS-MRF*: 0 – 0,5 cm

Mir kommen also bei engem Duerchschnëtt vun tëscht 1 an 1,4 cm eraus, wat net wierklech vill ass an an de meeschte Fäll ebe just engem dënne Flom entsprécht. E Verkéierschaos sollt also net stattfannen.

*SWISS-MRF Source: Kachelmannwetter