Wanterlechen Touch: Esou kal war et an der leschter Nuecht

An der vergaangener Nuecht si polar Loftmasse bei eis ukomm, duerch déi et wéi erwaart zu engem liichte wanterlechen Touch komm ass.

Startschoss vun der Fraschtsaison

Déi niddrëgst Lofttemperatur op 2 Meter ass zu Schëmpech mat -1,9 Grad gemooss ginn, knapp hannendru kënnt Ueschdrëf mat -1,5 Grad. Och zu Béiwen, net wäit vum Standuert vu menger Statioun, ass den Thermometer op -1 Grad gefall. Méi wäit am Norden, zu Breedelt, ass et mat -0,2 Grad och knapp fir de negative Beräich duergaang.

Wat de Buedemfrascht ugeet gouf zu Béiwen e Minimalwäert vu -3,1 Grad op Buedemhéicht (+5cm) gemooss. D’Statioun vu Wolz war mat -2,8 Grad dobäi, hannendru kënnt Housen mat -2 Grad. Buedemfrascht hate mir och am Südweste vum Land zu Uewerkuer, -1,2 Grad sinn do gemooss ginn.

Datequellen: Kachelmannwetter, ASTA