Wanterpneuen prett? Éischte Schnéi fir de Weekend gëtt ëmmer méi warscheinlech

Ëmmer méi Modeller kommen der Iddi no, dass eis de Weekend den éischte Schnéi vun der Saison erwaart. Op de Koppen ass d’Warscheinlechkeet am héchsten.

Modeller zéie no

Am Ufank war et jo éischter den amerikanesche Modell, deen elo fir de Weekend den éischte Schnéi berechent huet. An Tëschenzäit ass och den europäesche Modell där Meenung, esouguer déi däitsch a franséisch rechnen elo och ëmmer méi an déi selwecht Richtung. Och an Däitschland gëtt mam éischte Schnéi op méi nidderege Plaze gerechent, e richtege Wanterabroch schéngt unzestoen.


Déi viraussiichtlech Grousswiederlag fir de Weekend | Grafik: wxcharts.com

Wéi an de leschten Updates schonn betount, installéiert sech héije Loftdrock knapp westlech vun eisem Kontinent, iwwerdeems déiwe Loftdrock iwwer Skandinavien & dem Baltikum läit. Duerch dës Konstellatioun komme net nëmme kill Loftmassen op Lëtzebuerg erofgezunn, mee och naasser. Dëse Mix féiert dozou, dass et iwwer Mëtteleuropa zu engem éischte Wanterabroch ka kommen.

D’Situatioun zu Lëtzebuerg

Mir leien zwar net voll dran, mee um Rand. Trotzdeem sollen d’Konditiounen dem momentane Stand no passen, dass et op d’mannst op de Koppe vum Land fir déi éischt Flacken, fläit esouguer déi éischt dënn Couche, duergeet. Am Laf vum Freidenowend soll d’Schnéifallgrenz op tëscht 400 a 500 Meter zréckgoen, zäitweis fläit esouguer minimal drënner. Fir e Samsde wiere mir ëmmer nach bei tëscht 450 a 500 Meter ënnerwee ier se e Sonnden erëm méi héich soll klammen.


De viraussiichtleche Verlaf laut europäeschem Modell. Dat mooft si Schnéi-Signaler | Animatioun: wxcharts.com

Wat d’Schnéihéichten ugeet, sollt ee sech net all ze vill erwaarden. Och wa Schnéi fällt, heescht dat net onbedingt, dass en direkt Zentimeter héich leie bleift. Fir d’Koppe gëtt grad emol en dënne Flom bis hin zu 3 cm berechent, op allen anere Plaze bleift et wuel méi warscheinlech gréng/brong.

Dat bedeit, dass et zwar wuel nach kee nohaltege Wanterabroch sollt bei eis ginn, mee fir dat éischt bësse Wäiss op de Koppe soll et den aktuelle Berechnunge no duergoen.

Mir halen dat Ganzt natierlech fir Iech am Aen! Sollt Dir d’Wanterpneuen nach net montéiert hunn, da gëtt et elo awer héich Zäit.