
Wéi viru bal enger Woch thematiséiert, ass haut den éischte Schnéi op de Koppen erofkomm. Well et wanterlech bleift, kucke mir eis direkt un, wéi et bis muer de Mëtte virugeet.
Den éischte Schnéi ass ukomm
Haut, um 24. November 2023, ass offiziell den éischte Schnéi vun der Saison gefall. Schonn am Virmëtten war et zu St Vith an der Belsch, direkt un eiser Grenz, esouwäit. E puer Stonne méi spéit koumen dunn och vun eiser Nordspëtzt déi éischt Meldungen eran. Hei fannt Dir e puer Andréck:
Glat Stroossen a weider Schnéischauere bis muer
De Moment leien d’Temperaturen an der Nordhallschent tëscht 0,8 an 3 Grad. Kee Wonner also, dass d’Nidderschléi, déi aktuell duerchzéien, op de Koppe gäre mol a Form vu Flacken erofkommen. De Modellrechnunge no si bis an déi zweet Nuetshallschent eran nach e puer där Schauere méiglech, deemno wéi kéint sech op den héchste Koppen am Land eng ganz dënn Schnéicouche forméieren. Méi dozou op eiser Säit fir Wiederhiweiser.

No enger Paus soll et dann och muer am Laf vum Virmëtte nach eng Kéier usetzen, ier et no 12 Auer sollt méi dréche ginn. Déi Saach mam Schnéi ass weiderhi just fir déi héchst Koppe relevant, de Gros vum Land kritt keen ze gesinn – wat awer net heescht, dass et näischt fir opzepasse gëtt.
Och ouni Schnéi glat Stroossen
Haut huet et op ville Plaze gereent, et ass naass. D’Temperature wäerte sech d’Nuecht iwwer bei tëscht -1 an 2 Grad ophalen, wat also heescht, dass et zu engem gréissere Risk vu glate Stroosse kënnt, egal wou. Och wann et de Samsden allgemeng zimmlech kal bleift, sollt d’Gefor esou vun der Mëttesstonn un ofhuelen. An der Nuecht op de Sonnde falen d’Wäerter och bis bal op 0 Grad, sinn awer am Allgemenge méi héich ënnerwee. Eng méi interessant Nuecht kéint déi op de Méinde ginn, wou et vu Westen hier ëmmer méi bedeckt gëtt – um Méinde selwer kéint et kräfteg schneien, dozou awer méi an engem aneren Artikel.