Wanterwieder-Update: Modeller rechne fir de Weekend mat e puer Zentimeter Schnéi

Fir eis Wanterfrënn gëtt et esoulues erëm Zäit fir e Wanterwieder-Update.

Et gëtt méi kill a geschwënn och méi fiicht

Wéi am Wochenausbléck beschwat, ass et bis ewell schonn e gutt Stéck méi kill dobausse ginn. Un den ASTA-Wiederstatiounen Rued a Reiler ass den Thermometer an der vergaangener Nuecht resp. haut de Moie fréi op e Minimum vu -1,6 Grad zréckgaangen, och an der Südhallschent war et mat Minimalwäerter vu bis zu liicht ënnert dem Gefréierpunkt e gutt Stéck méi kill wéi an de Nuechte virdrun. Wéi vu Lieser eragemellt, ass et op enger Rëtsch Plaze glat gewiescht – zumools nom Antreffe vun de liichte wanterleche Nidderschléi a Form vun eenzelne Schnéischauere kuerz no Mëtternuecht.

Och an de nächsten Deeg ginn déi méi wanterlech Temperature bäigehalen – Temperature vu bis zu 10 Grad am Dag an driwwer si keng méi an Aussiicht.

Haut um Mëttwoch kënnt et lokal zu liichtem Gefisems, am Norde kann dat duerch déi niddereg Temperaturen och mol Schnéigrisel sinn. Muer um Donneschde gëtt et e bësse méi dréchen, et ass awer ëmmer nach oft gro. Nëmme mat Chance ass e sonnege Moment dran bei Maximaltemperature vun tëscht 2 a 5 Grad. Den Héichdrockafloss, dee sech den Donneschden iwwer opbaut, verflitt um Freiden awer erëm séier. D’Chancen op nennenswäert Schnéischauere klammen.

Vum Freiden un e puer Zentimeter Schnéi méiglech

Vum Freiden u klëmmt d’Chance op Schnéischaueren däitlech un, dat och am Süde vum Land – esou déi aktuell Wiedermodeller (Stand: 05.01.2022 – 11:47 Auer). Mat enger Okklusiounsfront (Mëschfront), déi um fréie Freidemoien eragezu kënnt, gëtt déi weider néideg Zutat mam Numm Fiichtegkeet op Lëtzebuerg gedroen – kal ass et schonn genuch.

Dem amerikanesche Wiedermodell GFS no erreecht eis dës Front an der fréier zweeter Hallschent vun der Nuecht op de Freiden, dat mat meeschtens liichtem Schnéifall. D’Temperature leien zu dësem Zäitpunkt bei viraussiichtleche -3 bis 0 Grad an der Nordhallschent, an der Südhallschent wier d’Temperatur bei tëscht -1 an 1 Grad ënnerwee. D’Schnéifallgrenz géif deem no also zimmlech déif leien. Um Freide selwer geet den méi groussflächege Nidderschlag méi an e Schauermodus iwwer, wat heescht, dass et dotëscht nach zu e puer Schnéischauere komme kann, deels och erëm Schnéireen, iwwerdeems et dotëscht och méi laang dréche Pause ka ginn. D’Temperature klammen op tëscht 0 a 4 Grad.


De viraussiichtleche Verlaf dem GFS-Modell no | Animatioun: wxcharts.com

No enger Nuecht mam Risk vu glate Stroossen an der Warscheinlechkeet vu weidere Schnéifäll soll et dem GFS no um Samsdemëtten erëm ufänken ze schneien, am spéidere Nomëtte kann dat och méi intensiv de Fall sinn. Well eis eng Waarmfront méi no kënnt, sinn d’Temperaturen awer schonn erëm um klammen. Dowéinst rechent de Modell domat, dass d’Nidderschléi vum spéidere Nomëtten un ëmmer méi a Reen iwwerginn. Wärend dësem Prozess kann et net ausgeschloss ginn, dass et zu Glëtz kënnt, ier d’Gefor dovun um spéideren Owend bei Temperature vun tëscht 1 a 4 Grad erëm zréckgeet. Hannert der Waarmfront falen d’Temperaturen erëm e bëssen, wouduerch de GFS domat rechent, dass et op den héchste Koppen erëm kuerz zu eenzelne Flacke komme kann, ier de Nidderschlag a Richtung fréie Sonndemoien am Allgemengen ofhëlt. Den europäesche Wiedermodell ECMWF rechent de gesamten Oflaf zimmlech änlech.

Wei vill Schnéi kënnt erof?

Den amerikanesche GFS rechent vum fréie Freidemoien un bis an de spéideren Owend eran mat enger Schnéi-Usammlung vun tëscht 2 a 7 cm. Dobäi soll eng Kéier am äusserste Norde vum Land mee awer och am Guttland de meeschte Schnéi falen. Fir de selwechten Zäitraum rechent den europäeschen ECMWF mat grad emol engem dënne Flom bis hin zu 1 cm am Gros vum Land, op de Koppen ass e mat bis zu 5 cm dobäi. De franséische Modell ARPEGE ass änlech wéi den ECMWF ënnerwee.


D’Schnéiquantitéiten bis de Samsdenowend dem GFS no | Grafik: wxcharts.com

Bis kuerz ier d’Waarmfront um Samsdenowend eragezu kënnt, rechent de GFS domat, dass sech d’Schnéicouche am ganze Land op tëscht 4 a 7 cm erweidere wäert, den ECMWF ass mat enger Gesamtakkumulatioun vun tëscht 2 a 9 cm dobäi, just am äusserste Süde kéint et bei engem dënne Flom bleiwen. Am Laf vum Sonnde rechnen déi zwee Modeller mam Ofschmëlze vun der gefalener Couche.

D’Waarmfront kéim net nëmme mat ofhuelendem Schnéifall an dofir zouhuelendem & deels intensivem Reen entgéint, mee och mat spierbarem Wand. Den ECMWF rechent fir d’Nuecht op de Sonnden mat Wandspëtzte vu bis ëm 75 km/h, de GFS ass schonn méi fréi um Samsdenowend mat bis ëm 80 km/h dobäi. De Wand ass also e weidere Parameter, deen een am Aen hale soll.