Wanterwieder Update: Wou bleift de Januar-Schnéi?

De vergaangene Freide gouf et an de Wiederkaarten Unzeechen fir e Changement mat Schnéi & Keelt zu Lëtzebuerg. Wat ass an Tëschenzäit draus ginn?

Advertisement

Temperaturtrend geet no ënne, mee…

Am Update vum 30. Dezember 2022 hate mir driwwer geschwat, dass vum kommende Weekend un d’Warscheinlechkeet fir e Changement mat Schnéi & Keelt zu Lëtzebuerg an d’Luucht geet. Dësen Ausbléck ass Stand aktuell wuel ëmmer nach korrekt, mee et hänkt halt eben dovun of, wéi intensiv sech dës méiglech Zenarien an de Modeller wierklech ausspillen. Am Update vun der leschter Kéier huet et méi no engem méi markanten Abroch vu kale Loftmassen ausgesinn, duerch deen aus Nordwesten och ëmmer erëm Schnéi méiglech ass. Déi aner Léisung war déi, dass d’Keelt aus dem héije Nordoste komme kéint – mee et doduerch ebe net zu all ze ville Nidderschléi a Form vu Schnéi komme sollt.

Déi neist Kaarte weise, wat den Temperaturtrend ugeet, ëmmer nach a Richtung 0 Grad. Et hu sech awer trotzdem e puer Saache geännert: Dem iwwerflächleche Bléck no bleift d’Westwiederlag scheinbar nach bis Mëtt Januar ze “stramm”, fir dass sech wierklech nohaltege Schnéi bei eis néierloosse kann.

D’Auswäertung vun de Modeller

Den Jetstream, also e staarkt Wandband an enger Héicht vun 8 bis 12 Kilometer, bleift weiderhin zimmlech aktiv iwwert eise Käpp. A well en zimmlech genee iwwert eis verleeft, bleift et a Saachen Héich- & Déifdrockafloss immens variabel. Et ka sech beispillsweis keng schnéiräich Wiederlag iwwer Deeg a Woche bei eis festsetzen, well se schonn no e puer Stonnen oder héchstens engem Dag aus eisem Beräich géif fortgeblose ginn. Den Jetstream soll dem amerikanesche GFS no mol nach bis iwwer d’Hallschent vum Januar eraus an där Laun bleiwen.


Den Jetstream verleeft weiderhi quasi genee iwwert eise Käpp | Animatioun: wxcharts.com

A Punkto Loftmasse wiessle sech andauernd méi mëll an erëm méi kill Loftmassen of, woubäi den Trend awer existéiert, deen d’Temperaturen am grousse Ganzen awer zréckgoe gesäit – mee eben ëmmer nach mat gewësse Schwankungen dran. Bis den 11. Januar sollen d’Temperaturen erëm op ënner 5 Grad am Dag zréckgoen, an de Nuechte wier liichte Frascht méiglech. Duerno kéim dann erëm e klenge Peak no uewen, ier et a Richtung 18. Januar op ee Neits op de selwechte Niveau kéint erofgoen. Dir mierkt: Besonnesch kal ass dësen Zenario net, an awer kéint et do mol heiansdo fir déi eng oder aner Schnéiflack duergoen. Mee nach eng Kéier: Duerch de variable Charakter vun der ganzer Situatioun wier esou en Zenario ni vu laanger Dauer.


E Beispill vun enger Situatioun, bei där et zu enger net-bestänneger Schnéifallsituatioun komme kann – 17. Januar 2022 | Grafik: wxcharts.com

Esou wäit wéi den europäeschen ECMWF kucke kann, also bis den 13. Januar, soll et ganz änlech mat der Westwiederlag viru goen. Den Ënnerscheed: Den europäeschen ECMWF gesäit d’Intensitéit an d’Verlagerung vun den eenzelnen Déifdrockgebitter e bëssen anescht, wat awer komplett normal ass. Fest steet: Et bleift den zwee Modeller no immens variabel.

De Fazit

Fir de Moment gesäit et esou aus, wéi wann sech d’Grousswiederlag bis Mëtt Januar zimmlech sécher net sollt änneren. A Richtung Mëtt Januar geet d’Warscheinlechkeet vun e puer wanterleche Momenter mat Schnéi zwar an d’Luucht, mee et gesäit, wéi gesot, opgrond vun der Grousswiederlag net wierklech no enger bestänneger wanterlecher Period aus – et ass einfach ze vill Beweegung an der Atmosphär.