War et daat gläich mat der Hëtztwell?

De Weekend wärt eng Kaalfront d’Hëtztwell, déi bisewell Temperature vu bis zu 37 Grad bruecht huet, ënnerbrieche. Mee waat geschitt duerno? Kënnt d’Hëtzt rem oder wärt et manner waarem virugoen?

850 hPa Temperatur (ICON)

Kaalfrontduerchgang de Samsden. Et erkennt ee gutt, wéi déi héichsummerlëch Loftmassen a Richtung Osten ofgedréckt ginn.

Kleng Ofkillung duerch Kaalfront

Bis de Weekend wärt den Atlantik nach komplett blockéiert sinn. Daat heecht, dass mir ënnert stabilem Héichdrockafloss bleiwen a keng Frontesystemer aus Westen an eis Géigenden andrénge kënnen

Um Samsdemoie gëtt déi kleng “Barrière” awer geknackt: Eng Kaalfront zitt iwwer Mëtteleuropa ewech, duerch déi däitlech méi kill Loftmassen a méi héige Loftschichten eragefloss wärte kommen. Aktuelle Modeller no wärten d’Temperaturen an 850 hPa, also an ongeféier annerhalwem Kilometer Héicht, vun 20 Grad op 13 Grad faalen. Sou kënnen zwar um Samsde nach summerlech Werter ereecht ginn, mee vun Hëtzt kann een dee Moment awer net méi schwätzen.

De Sonndë récken aus südleche bis südöstleche Richtunge rem e besse méi waarem Loftmassen an eis Richtung, wouduerch d’Temperaturen um Buedem och rem klamme wärten. Aktuelle Berechnunge no wier da rem mat knapp iwwer 30 Grad ze rechnen.

Gréisser Onsëcherheeten

Vir sech e besseren Iwwerbléck iwwer déi nächst Zäit ze verschaafen, hëlleft wéi sou oft den Ensemble. Op dësem ass z.B gutt ze erkenne, wéini de Weekend d’Kaalfront duerchzitt. Dobäi ass an der Moyenne mat knapp 5 l/m² ze rechnen, 12 l/m² ass daat héchst waat een vun de 21 verschiddene Memberen vum GEFS dran huet.

Nodeems et de Sonnde rem meechtens drëchen an och rëm summerlëch waarem gëtt, wärten d’Temperaturen ufanks der neier Woch och weider klammen. Bis den 1. August zumindest ass et scho mol sëcher, dass d’Temperaturen (korrigéiert) rem knapp iwwer 30 Grad klamme kënnen. Waat déi Zäit duerno ugeet, gëtt et scho rem e besse méi schwierëg, waat een der Grafik och ugesäit. Wann d’Linnen op engem Ensemble wäit ausernee ginn, ass daat een Unzeechen vir Onsëcherheet (Si se dogéint no beieneen ass vun enger grousser Sëcherheet auszegoen).

Kréie sech an der Period vum 1. August bis de 6. August déi héchst gerechent Varianten, mat Léisunge vu bis zu 33 Grad, duerchgesaat, géif et monter mat der Hëtztwell virugoen. Korrigéiert wieren op 2 Meter Héicht da rem mat maximale 35 Grad ze rechnen. Kritt sech d’Moyenne (rout Linn) duerchgesaat, ass mat Héchstwerter vun 30 bis 33 Grad ze rechnen. Sollten d’Temperaturen awer, wéi et verschidde Memberen (Linne) gesinn, gläich bleiwen oder souguer eroofgoen, da wiere just am Süde vum Land mol punktuell 30 Grad ze erwaarden. Am Norde géifen d’Werter dann tëschent 24 a 27 Grad leien.

Während der selwechter Period si sech déi eenzel Membere sëcher, dass et kaum reene wärt. De Nidderschlagsmangel wärt wuel ganz wahrscheinlech viru goen.

Fazit: Wéi et de Moment ausgesäit, sinn déi meecht Memberen der Meenung, dass d’Temperaturen op ville Plaatzen iwwert dem 25 Grad-Beräich bleiwe, mee net rem sou wäit iwwer 30 Grad klamme wärten. Den Trend muss awer virdéicht mol nach confirméiert ginn, ier een vun enger Prognos schwätze kann. Dës Wierder waren éichter eng Aschätzung, baséiert op den aktuelle Konditiounen.

GEFS Ensemble

Wahrscheinlechkeeten unhand vun Ensemblen erausfannen

En Ensemble besteht aus engem Haaptlaaf souwéi och engem Kontrolllaaf vun engem bestëmmte Modell (an dësem Fall GEFS). All déi aner Linnen déi ofgebild sinn, si sougënannt “Memberen”, also aner méigleg Léisungen. Vun deene Léisunge ginn et beim GEFS 21 verschiddener. Vir et liicht ze erkläre kann ee soen, dass all Member eng Meenung duerstellt. Ginn déi eenzel Linne (Memberen / Meenunge) wäit auserneen, ass d’Prognos vir deen Zäitraum als méi onsëcher oder och als ganz onsëcher anzestufen. Si se awer all no beienee, besteht eng grouss Averständnis. Soumadden ass d’Antreffe vun enger bestëmmter Wiederlag ganz wahrscheinlech.