Warnung aktiv: De Fuerplang vum Reen & Donnerwiederrisk bis en Dënschdenowend

Et stinn immens interessant & zäitweis onroueg Stonnen & Deeg un. An dësem Artikel beschäftege mir eis haaptsächlech mat der Reen & Donnerwieder-Thematik vun haut den Owend/der Nuecht bis muer an den Dag eran.

Advertisement

Warnung virun Dauerreen bis muer 16 Auer

Wéi gëschter schonn beschriwwen, ass d’Situatioun mat där mir et an de nächste Stonnen ze di kréien op d’mannst op punktueller Basis warnrelevant. D’Warnung gëllt vun haut 16 Auer bis muer, 01.08.2023 16:00 Auer. An där Zäit ass domat ze rechnen, dass d’Warnschwell vun de 40 l/m²/24h kann erreecht/iwwertraff ginn. Eenzelne Modeller no wieren esouguer bis ëm 50 l/m² net ausgeschloss. Et ass domat ze rechnen, dass d’Peegele klammen an dass et och mol duerch méi kräfteg agelagert Schaueren dozou komme kann, dass Dreck an d’Stroosse gespullt gëtt. Och kleng Iwwerschwemmunge sinn definitiv net ausgeschloss – mee wéi gesot, déi méi markant Phänomener triede, wann dann, lokal op.


D’Warnung fir déi nächst 24 Stonnen | Méi ënner alert.meteoboulaide.com

Donnerwiederrisk

Et zitt eng Kalfront iwwert eis ewech, dat awer allerdéngs net riicht vu West no Ost mee schläifend. Doduerch ass et iwwerhaapt méiglech, dass sech de Reen esou laang wäert bei eis ophalen. Dotëscht kann et zwar kuerz Pause ginn, mee déi allgemeng Phas vum Dauerreen sollt am Laf vum Dënschdenomëtten op en Enn goen.


Den AROME-Modell mam Passage vun enger méi kräfteger Schauerlinn un der Kalfront, un där och Donnerwieder kënnen optrieden. Zäitpunkt: No Mëtternuecht an der Nuecht op en Dënschden | Grafik: wxcharts.com

Enger Rëtsch Lokalmodeller no besteet an der Nuecht op den Dënschden, haaptsächlech no Mëtternuecht, och de Risk vun eenzelnen agelagerte Staarkreenzellen oder Donnerwieder. Ënnert dëse kann de Reen verstäerkt ginn, Signaler fir punktuell 10-20 l/m² Reen an zimmlech kuerzer Zäit ginn et och. De Wand wäert och spierbar ënnerwee sinn, Spëtzte vun tëscht 50 a 70 km/h si méiglech.

Schauermodus um Dënschden

En Dënschde selwer leie mir zwar nach bis 16 Auer ënnert enger Dauerreen-Warnung – de Charakter vum Reen sollt awer trotzdeem am Laf vun de Stonnen ëmmer méi an de Schauermodus iwwergoen. Dat heescht, dass et dotëscht zu méi (laange) Pause kënnt, bis dann erëm eng Schauer optrëtt. Akkumuléiert gesinn, also vun haut 16 Auer bis en Dënschden 16 Auer, wieren dann déi uewe genannt Zommen méiglech.


Wéi de franséischen AROME-Modell och hei androcksvoll weist, geet den dauerhafte Reen am Laf vum Dënschden an de Schauermodus iwwer | Grafik: wxcharts.com

Et bleift interessant

An der Nuecht op de Mëttwoch erreecht eis dat nächst gréissert Reegebitt, a generell ass bis Enn der Woch zesummegerechent mat gréisseren Zommen ze rechnen. Wat den Donnerwiederrisk betrëfft kéint et am Laf vum Mëttwoch och nach e bësse méi interessant ginn. Fir e Mëttwochowend & en Donneschde musse mir och d’Kaarten am Aen halen, well de Risk vun engem Stuermfeld besteet.

Et ass also vill lass de Moment. Méi zu all dem an aneren, zukünftegen Artikelen.