Allgemeng Informatiounen

Blëtzer sinn déi am meeschten ënnerschate Gefor wärend engem Donnerwieder. Et gi se a verschiddene Formen a Stäerkten. Zu den Haaptzorte gehéieren de “Wollek zu Wollek-Blëtz” an den “Wollek zu Buedem-Blëtz”. 80 % vun alle Blëtzer schloe net um Buedem a sinn domat keng gréisser Gefor fir de Mënsch. De Wolléck-Buedem Blëtz, also en Äerdblëtz, kann awer grousse Schued uriichten an ass fir Mënsch an Déier liewensgeféierlech.

Kuerzvideo

Wéini besteet Gefor?

Soubal Donner ze héieren ass, ass d’Donnerwieder manner wéi 10 Kilometer wäit fort. Et soll ee sech dann net méi ënner Beem oder op fräie Felder ophalen. Verginn tëscht Blëtz an Donner just nach 10 Sekonnen, da kann een all Moment vum Blëtz getraff ginn. Et besteet Liewensgefor.

Grondreegele bei Gefor vu Blëtzaschléi

  • Sech a Gebaier mat Blëtzschutz oder och an den Auto zréckzéien
  • Bei Schutz am Gebai all Fënsteren an Dieren zoumaachen.
  • Sech vu fräistoende Beem wechhalen, well Blëtzer iwwersprangen kënnen an deemno wéi och Deeler vum Bam ofsprengen an ewechschleideren

Verhale bei Gefor vu Blëtzaschléi am Fräien

  • Sech a Gebaier mat Blëtzschutz oder och Gefierer mat Ganzmetallkarosserie a Sécherheet bréngen
  • Een, deen an der Géigend vun engem héije Metallmast steet, verréngert de Risk en direkten Impakt vum Blëtz ze erleiden
  • Keng Géigestänn aus Metall wéi en Zonk, Gitter oder Masten upaken & sech och net drun unhalen
  • Sech vu fräistoende Beem ewechhalen an och net am Bësch ophalen
  • Sech net am Waasser ophalen

Gefierer mat Glasfaserverkleedung, wéi beispillsweis eng Roulotte oder e Camping Car, bidde KEE SCHUTZ. Dat selwecht gëllt fir Cabrioleten an Zelter.

Ausnam: Roulotten & Camping Cars mat metallenem Gerüst, wouduerch de selwechte Prinzip wéi och am Auto gëllt (Faradaysche Käfeg)

Verhale bei Gefor vu Blëtzaschléi am Haus

  • Fënsteren an Dieren zoumaache, Blëtzer kënnen duerch kleng Ëffnungen an d’Haus andréngen
  • Dusche wärend engem Donnerwieder ass a Gebaier mat Blëtzschutzsystemer ëmmer sécher. Dozou zielt och en Äerdungs-Uschloss vun de Waasserleitungen. Wa Dir Iech net sécher sitt, ob dat bei Iech de Fall ass, da gitt NET duschen. Och Heizunge sollten dann NET ugepak ginn
  • Kabelgebonnen Telefonen sollte net benotzt ginn, wa kee fachgerechte Blëtzschutz installéiert ass. Smartphones & Telefonen ouni Kabel kann een awer benotzen
  • Wa Dir kee Blëtzschutzsystem hutt, dann huelt all elektronesch Geräter, wéi beispillsweis de Router, Fernseh, Computer, etc. vum Stroum. Eng aner Method Är Geräter ze schützen ass e komplette Blëtzschutzsystem fir Äert Doheem

Zousätzlech Informatiounen

D’Äerdblëtzer sinn déi geféierlechst Blëtzer a sinn an zwou Kategorien anzedeelen: positiv a negativ. E positive Blëtz ass mat bis zu 400.000 Ampere oft méi wéi duebelt esou staark wéi e negative Blëtz. Den Donner dovun ass besonnesch haart a kann esouguer fir Vibratioune suergen.

Déi meescht Äerdblëtzer si negativ an trieden tëscht der negativ geluedener ënneschter Wollékenënnersäit an dem Buedem op. Ongeféier 5% dovu kënnen awer och aus dem ieweschte, positiv geluedenen Deel kommen, wat dann e positive Blëtz ass. Dës kënne wäit vum eigentlechen Donnerwieder fort wéi aus dem guernäischt aschloen. Dohier gëtt gerode Schutz ze sichen, och wann en Donnerwieder nëmmen an der Géigend ass & den eegene Standpunkt nach net erreecht huet.

BLËTZER