Wat ass en Donnerwieder-Outlook?

En Donnerwieder-Outlook ass e Produit vu Météo Boulaide – änlech Produiten ginn och vun e puer anere Wiederdéngschter & Organisatiounen ugebueden. Inspiréiert sinn dës Outlooks un den typesche Convective Outlooks vum National Weather Service aus den USA.

Kuerzvideo

En Donnerwieder-Outlook ass eng Kaart, an dësem Fall eng fir Mëtteleuropa, op där Géigende markéiert sinn, an deenen an de nächste 6 bis 12 Stonnen kënnen Donnerwieder optrieden. Bei Météo Boulaide kënnt dësen Outlook meeschtens dann an den Asaz, wa warnrelevant Phänomener optriede kënnen – et gëtt also net all Donnerwieder an engem Donnerwieder-Outlook thematiséiert.

Beispill vun engem Donnerwieder-Outlook, an dësem Fall vum 13. Mäerz 2023

Dës Markéierunge weisen awer net nëmme wou warnrelevant Donnerwieder méiglech sinn, mee se sinn och a Kategorien agedeelt. Dës Kategorie bezéie sech op déi potenziell Intensitéite vun de méiglechen Donnerwieder & och d’Sécherheet ënnert de Modeller, also wéi sécher et ass, dass besot Phänomener mat der Intensitéit X kënnen optrieden.

En Donnerwieder-Outlook baséiert op Analysen vun der Atmosphär & Modellrechnungen zu de Konditiounen an den eenzelne Loftschichten. Mat hinne léisst sech aschätzen, wéi eng Gefore wou kënnen optrieden an och, wéi warscheinlech et ass, dass déi besot Zutaten tatsächlech zesummekommen a fir warnrelevant Phänomener kënne suergen. D’Erkenntnisser aus der Analys ginn dann, am Fall vu Météo Boulaide, esou kuerz wéi méiglech ënner https://meteoboulaide.com/donnerwieder zesummegefaasst an esou ausgedréckt, dass den allgemenge Public sech doraus zousätzlech Informatiounen iwwert den ustoenden Donnerwieder-Dag zéie kann.

D’Kategoriséierung vun den eenzelne Risk-Stufen, gëtt awer demnächst iwweraarbécht

Deeg, un deenen en Donnerwieder-Outlook verëffentlecht gëtt, ginn et héchstwarscheinlech och Virwarnungen a soss Informatiounen, déi op Donnerwieder hiweisen. Wéi awer schonn gesot, kënnen och ouni dass en Donnerwieder-Outlook eraus ass, warnrelevant Donnerwieder optrieden. Iwwer dës géif dann erëm per Virwarnung oder Warnung informéiert ginn.

DONNERWIEDER-OUTLOOK