Allgemeng Informatiounen

Donnerwieder trieden zwar zu alle Joreszäiten op, haaptsächlech awer vu Mee bis an den August eran – a kënnen och méi zolitt ausfalen. Mir schwätze vun der Donnerwiedersaison, an där zolitt Donnerwieder a Superzellen ëmmer erëm gréissere Schued uriichten. Phänomener wéi Stuermstéiss, Staarkreen, Knëppelsteng an och Tornadoen suergen an eise Breeten all Summer fir grousse Schued.

Kuerzvideo zu dësem Sujet:

Wat ass en Donnerwieder?

En Donnerwieder ass e Wiederphänomen, wat sech duerch Blëtz an Donner bemierkbar mécht. E groussflächegen Impakt ass éischter rar, an der Reegel handelt et sech dobäi ëmt e lokalt Wiederphänomen. Meeschtens kënnt et dobäi zu Staarkreen an deemno wéi och zu kräftegem Wand. Je no Intensitéit sinn och Knëppelsteng (deemno wéi e puer Zentimeter grouss), schwéier Stuermstéiss an immens zolitte Staarkreen mat dobäi. Och Tornadoen zielen a Mëtteleuropa dozou, fir déi déi atmosphäresch Konditiounen awer och musse stëmmen.

Wat ass eng Superzell?

Ënnert enger Superzell versteet een en Donnerwieder mat engem rotéierenden Opwand. Ofgesinn vun den typesche Konditiounen, déi fir en Donnerwieder benéidegt ginn, brauch et déi sougenannt “Wandscherung” – also d’Ännerung vu Wandvitesse- a Richtung an de verschiddene Loftschichten. Doduerch entsteet eng rotéierend horizontal Loftwalz, déi duerch den Opwand vum Donnerwieder an d’Vertikalt gedréckt gëtt. Bleift dëse rotéierenden Opwand iwwert eng Zäit bestoen, schwätzt ee vun enger Superzell.

Wandscherung (Ännerung vu Vitesse & Richtung mat der Héicht) an enger Donnerwiederwollek | Grafik: Vanessa Ezekowitz, Wikimedia

Déi duerch d’Wandscherung ausgeléist horizontal Loftwalz gëtt duerch den Opwand an d’Vertikaalt gedréckt | Grafik: Vanessa Ezekowitz, Wikimedia

Eng klassesch Superzell um Radar

Zu den typesche Gefore vun enger Superzell ziele Stuermstéiss, Staarkreen, Knëppelsteng (deels iwwer 3 cm déck) an Tornadoen. Déi meescht staark Tornadoen entstinn u Superzellen, mee nach laang net all Superzell bréngt och en Tornado.

Wéi ech mech virbereeden

  • Staatleche Wiederdéngscht als éischt Ulafquell fir Wiederwarnungen
  • Alternativ Quellen déngen zur Ergänzung vun den offizielle Meldungen, déi meeschtens schonn méi wäit am Viraus op méiglech Geforen hiweisen
  • Geplangt Aktivitéiten dobaussen un déi méiglech Geforen adaptéieren & no Alternativen sichen
  • Wäertgéigestänn vun der Terrasse/vun dobaussen eranhuelen wéinst Stuerm- & Iwwerschwemmungsgefor
  • “Vorsicht ist besser als Nachsicht”

Wéi ech mech dobausse schützen

  • Sech a Gebaier mat Blëtzschutz oder och a Gefierer mat Ganzmetallkarosserie a Sécherheet bréngen
  • Een, deen an der Géigend vun engem héije Metallmast steet, verréngert de Risk en direkten Impakt vum Blëtz ze erleiden
  • Keng Géigestänn aus Metall wéi en Zonk, Gitter oder Masten upaken & sech och net drun unhalen
  • Sech vu fräistoende Beem ewechhalen an och net am Bësch ophalen
  • Sech net am Waasser ophalen

Weider Informatiounen fannt Dir op der Themesäit zu de Blëtzer.

Zousätzlech Informatiounsquellen

Fir sech selwer e Bild iwwert déi momentan Situatioun ze maachen, kann ee sech Appen mat engem Wiederradar eroflueden oder op Internetsitten mat Radarbiller zréckgräifen. Eng héichopléisend Léisung ass d’App RadarOmega oder awer och de Radar um Site vu Kachelmannwetter.

Radarbiller hëllefen engem anzeschätzen, wéi laang nach Gefor besteet. Et sief awer dru geduecht, dass Blëtzer a rare Fäll gutt 10 Kilometer vum eigentlechen Donnerwieder fort ëmmer nach kënnen aschloen.

Trotz Radar- a Wiedermodelltechnik bleiwen Donnerwieder bis op e gewësse Grad onberechebar a si net ze ënnerschätzen.

DONNERWIEDER & SUPERZELLEN

Allgemeng Informatiounen

Donnerwieder trieden zwar zu alle Joreszäiten op, haaptsächlech awer vu Mee bis an den August eran – a kënnen och méi zolitt ausfalen. Mir schwätze vun der Donnerwiedersaison, an där zolitt Donnerwieder a Superzellen ëmmer erëm gréissere Schued uriichten. Phänomener wéi Stuermstéiss, Staarkreen, Knëppelsteng an och Tornadoen suergen an eise Breeten all Summer fir grousse Schued.

Wat ass en Donnerwieder?

En Donnerwieder ass e Wiederphänomen, wat sech duerch Blëtz an Donner bemierkbar mécht. E groussflächegen Impakt ass éischter rar, an der Reegel handelt et sech dobäi ëmt e lokalt Wiederphänomen. Meeschtens kënnt et dobäi zu Staarkreen an deemno wéi och zu kräftegem Wand. Je no Intensitéit sinn och Knëppelsteng (deemno wéi e puer Zentimeter grouss), schwéier Stuermstéiss an immens zolitte Staarkreen mat dobäi. Och Tornadoen zielen a Mëtteleuropa dozou, fir déi déi atmosphäresch Konditiounen awer och musse stëmmen.

Wat ass eng Superzell?

Kuerzvideo