Allgemeng Informatiounen

Kleng Iwwerschwemmunge kommen an den typeschen Iwwerschwemmungsgebitter ëmmer erëm vir a si näischt besonnesches. Et ginn awer heiansdo Situatiounen, wou och an de gewinnte Gebitter d’Waasser ongewinnt héich klamme kann. E rezent Beispill dofir war d’Joerhonnerthéichwaasser aus dem Juli 2021, bei dem onvirstellbar grousse Schued entstanen ass an an eise Nopeschlänner eng 200 Persoune gestuerwe sinn. Mee wéi kann ee sech op esou eng Situatioun virbereeden?

Kuerzvideo

E Noutfallplang prett hunn

Wa Dir an engem Iwwerschwemmungsgebitt wunnt, da gitt sécher, dass Dir e Noutfallplang fir Iech an Är Famill parat hutt. Dës Froe gëlle sech selwer ze beäntferten resp. Schrëtter ze beuechten:

  • Wat maache mat eelere Leit/Kranken, déi sech net selwer kënnen hëllefen? Wouhi gi se bruecht an ass dat am Noutfall séier ze maachen?
  • Wat maache mat Hausdéieren?
  • Mat de Nopere no Noutléisunge siche, falls d’Kommunikatiounsnetzer kollabéieren – wéi beispillsweis Handzeechen
  • Vu Virdeel ass och d’Verdeelung vu Rollen. Ween ass fir wat zoustänneg, soubal et eescht gett?

Wann en Héichwaasser usteet

  • Materialie besuergen, déi d’Waasser zréckhalen, wéi beispillsweis Sandsäck, Holzplatten, Silikon etc.
  • Alles, wat fir Iech grousse Wäert huet, soll op déi héchst Etage vum Gebai bruecht ginn
  • Den Heizungstank schwëmmt am Waasser. Verankert dësen dohier un der Mauer oder leet schwéier Saachen drop, fir dëst ze verhënneren
  • Passt drop op, dass geféierlech Substanzen a Chemikalien dem Waasser net direkt zougänglech sinn

Géigestänn wéi e Smartphone, e Radio (mat Batterie), Täscheluuchten, Gaskocher (Campingkocher), eng alternativ Toilette sollte net vergiess ginn – genee esou soll och gekuckt ginn, dass genuch Liewensmëttel a Waasser zur Verfügung stinn. Et wees een ni, wéi laang d’Gefor unhält.

Bei akuter Héichwaassergefor/wärend dem Héichwaasser

  • Net am Keller ophalen. Soubal eng Dier hannert Iech zoufällt, kritt Dir se net méi op. D’Gefor ze erdrénken ass grouss
  • Fënsteren, Dieren & Offlosslächer sollen ofgedicht ginn
  • De Stroum am Haus ofschalten oder de Stroum a Räim, déi vollafe kënnen, ausschalten. Denkt drun: Waasser leet Stroum!
  • Den Auto aus Garagen, Parkhaiser & Parkingen eraushuelen, déi vollafe kënnen. Och perséinlech sollt ee sech net a Parkhaiser ophalen, Gefor ze erdrénken!
  • Hëlleft anere just, wa Dir Iech selwer net a Gefor bréngt

Bei Iwwerschwemmungen duerch Staarkreenschaueren oder Donnerwieder (Flash Floods) net mam Auto duerch iwwerschwemmt Stroosse fueren, wa Dir net kloer gesitt, wéi déif d’Waasser ass. Et besteet d’Gefor ewechgeschwemmt ze ginn. Zousätzlech ass et ze vermeiden, duerch iwwerschwemmt Stroossen ze trëppelen: Et kënne geféierlech Géigestänn ronderëmschwammen & geféierlech Substanzen am Waasser enthale sinn.

Nom Héichwaasser

  • Wa Dir schwéier blesséiert Leit fannt, da rufft direkt den 112. Bréngt Iech net selwer a Gefor.
  • Halt Iech iwwert d’Medien & d’Matdeelung vun der Regierung iwwert d’Entwécklungen um Lafenden
  • Gitt net a beschiedegt Gebaier eran, ausser se goufe vun engem Expert als sécher agestuuft
  • Passt op erausstoend Neel, Holzbrieder, Spläiteren & Schiebelen op
  • Iwwerpréift, falls op Iech zoutreffend, Gas-, Stroum- a Waasserleitungen. Wa Dir eng futtis Leitung gesitt oder Gas richt, dann dréint d’Leitungen vun dobaussen zou.
  • Wa Dir Iech net sécher sidd, ob Gas ausgetrueden ass oder net, da benotzt och keng Fixspéin oder Briqueten an dréckt och keng Schalteren, well d’Fonken vun allen dräi eng Gasexplosioun veruersaache kënnen.
  • Wa Dir lasse Stroumleitungen oder och Funken gesitt, oder Feier richt, dann schalt d’Haaptsicherung aus
  • Wann de Stroum ausgefall ass, da benotzt Täscheluuchten a keng Käerzen
  • Hutt ëmmer e Feierläscher bei Hand

Wou huelen ech meng Informatiounen hier?

Déi éischt Ulafquell fir Warnungen a Saache méiglech Iwwerschwemmungen oder Onwiederlagen, déi Iwwerschwemmungen ausléise kënnen, ass de staatleche Wiederdéngscht. Alternativ Quelle sinn awer och ze berécksiichtegen, well dës beispillsweis beim vergaangene Joerhonnerthéichwaasser gutt 3 Deeg virun der Katastroph d’Geforegebitt aschätze konnten. Mir recommandéieren Iech dohier, déi gratis Météo Boulaide App aus dem Play-& AppStore erofzelueden.

IWWERSCHWEMMUNGEN