Allgemeng Informatiounen

Stierm sinn dat ganzt Joer iwwer méiglech – egal ob Orkandéifer am Wanter & Hierscht oder Donnerwieder am Fréijoer & am Summer, de Wand suergt ëmmer erëm fir gréissere Schued a liewensgeféierlech Blessuren.

Kuerzvideo

Wann all Moment e Stuerm usteet, dann…

  • Poubellen a soss Géigestänn, déi fortfléie kënnen, sécheren oder an d’Haus bréngen
  • Beim openthalt am Fräien am Idealfall an engem Gebai Schutz sichen a sech net ënner Beem oder Diecher ophalen
  • Op Campinganlage bidden Zelter, Camper & Roulotte kee Schutz. Zitt Iech an e geschützt Gebai zréck
  • Fënsteren an Dieren zoumaachen
  • Bei staarke Stierm d’Rollueden erofloossen & sech net um Späicher oder bei Fënsteren ophalen
  • Täscheluuchten, Handyen, Powerbanken a mobil Radioen (mat Batterie) prett hunn. Wa Beem op Stroumleitunge fale, kënnt et zu Stroumausfäll.

A wann een am Fräien ass?

  • Wa soss keng Optioun op e Schutz besteet, op méiglechst Wandgeschütze plazen ophalen/zréckzéien wéi z.B Mulden oder an eng Höhl.
  • Net am Bësch ophalen, et besteet Liewensgefor
  • Wa Dir an engem staarke Stuerm festsetzt, leet Iech mam Gesiicht no ënnen op de Buedem a schützt Iech mat Ären Hänn viru Géigestänn, déi ronderëmfléien
  • Net an der Géigend vu Masten oder Héichspannungsleitungen ophalen

Gefore, wann ee mam Auto ënnerwee ass

  • Wéinst dem staarke Säitewand Vitesse reduzéieren a keng Gefierer méi iwwerhuelen
  • Sech vu Beem & Bëscher ewechhalen & den Auto och net do parken
  • Auto net ënner Héichspannungsleitungen & Masten parken
  • Wann ee mat engem Gefier mat grousser Opfaangfläch ënnerwee ass, wa méiglech stoe bleiwen an d’Gefier mat der Nues an d’Wandrichtung stellen
  • Brécke bidde just begrenzte Schutz. Je no Wandrichtung kënne Brécken an Tunnelen wéi e Wandtunnel wierken an d’Wandvitesse däitlech verstäerken
  • E Noutfallkit mat laang halbare Liewensmëttel & Waasser am Auto bereet hunn, falls duerch de Stuerm e gréissere Stau entsteet

Wou huelen ech meng Informatiounen hier?

Déi éischt Ulafquell fir Warnungen a Saache méiglech Iwwerschwemmungen oder Onwiederlagen, déi Iwwerschwemmungen ausléise kënnen, ass de staatleche Wiederdéngscht. Alternativ Quelle sinn awer och ze berécksiichtegen, well dës a ville Fäll fir eng immens hëllefräich Ergänzung vun de meteorologeschen Informatioune suergen. Mir recommandéieren dohier, d’Météo Boulaide App aus de Stores erofzelueden – se ass gratis.

STUERM