Allgemeng Informatiounen

Tornadoe ginn et net nëmmen an den USA – och an eise Géigende kënne se optrieden, an dat och mat de selwechten Intensitéiten. Duerch hir immens Kraaft an hir Eegeschaft, leider a ville Fäll wéi aus dem Näischt ze entstoen, zielen se zu de geféierlechste Naturgewalten op eisem Planéit.

2022 sinn um ganzen europäesche Kontinent 782 Tornadoe gemellt ginn. Der Statistik no entstinn alleng an Däitschland all Joer tëscht 30 a 60 Tornadoen (grouss Donkelziffer) – se zielen also fest zu eiser Wiederpalette dozou, och wa se bei eis duerch d’Gréisst vum Land éischter rar sinn.

Spéitstens nom staarken F2 Tornado, deen de 9. August 2019 mat Wandvitesse vu wäit iwwer 200 km/h am Raum Käerjeng a Péiteng fir immense Schued gesuergt huet, freet ee sech, wéi ee sech ka schützen.

Kuerzvideo

E Noutfallplang prett hunn…

Tornadoen zu Lëtzebuerg sinn zwar rar, mee se komme vir. Fir de Fall vun de Fäll sollt ee sech Gedanken ëmt e Noutfallplang fir Iech an Är Famill maachen. Folgend Schrëtt esouwéi Froe si sécherzestellen:

  • Wann Dir matkritt, dass en Tornado op Iech duerkënnt, dann zitt Iech an Äre Keller zréck. Wa Dir kee Keller hutt, da sicht Schutz an engem vun de mëttelste Räim am ganzen Haus a probéiert esou vill Mauere wéi méiglech tëscht Iech an den Tornado ze bréngen.
  • Ass dëse Plang och mat eelere Leit/Kranken liicht ze bewältegen? Ass dat séier ze maachen?
  • Wat maache mat Hausdéieren?
  • Vu Virdeel ass och d’Verdeelung vu Rollen. Ween ass fir wat zoustänneg, soubal et eescht gett?
  • E Noutfall-Kit mat halbare Liewensmëttel & Waasser parat hunn fir mat an de Keller/Schutzraum ze huelen
  • E batteriebedriwwene Radio oder Smartphone mat Iech huele, fir iwwert de leschte Stand informéiert ze ginn

Halt Iech iwwer d’Wieder um Lafenden

Informéiert Iech iwwert déi momentan Onwiederwarnungen vum staatleche Wiederdéngscht an/oder beuecht och d’Meldunge vun alternative Quellen/Medien/Wiederdéngschter an halt d’Aen op no Meldungen iwwer Tornadoen oder esouguer Tornadowarnungen, déi allerdéngs nëmmen am Idealfall méiglech sinn a quasi ni antrieden. Mir recommandéieren Iech d’Météo Boulaide App aus de Stores erofzelueden.

Folgend Observatioune kéinten op en Tornado hindeiten:

  • En däischteren Himmel mat engem grénge Schimmer
  • Eng grouss an déif iwwert dem Buedem hänkend Wollekebasis
  • Grouss Knëppelsteng
  • En haart Rauschen, änlech wéi wann e Gidderzuch laanschtfuere géif

Beim zweeten a leschte Beispill gëllt esou séier wéi méiglech d’Schutzmoossnamen ze ergräifen. Et besteet Liewensgefor.

A wann een am Fräien ass?

  • An e Stroossegruef leeën, mam Gesiicht no ënnen an de Kapp mat den Hänn schützen
  • Ass den Tornado nach e Stéck fort, dann genee drop oppassen, a wéi eng Richtung e sech beweegt. Wann et esou ausgesäit, wéi wann e sech weder no riets oder no lénks beweegt, da kënnt en direkt op Iech duer. Flücht net andeems Dir dem Tornado de Réck dréint, mee laaft/fuert säitlech fort a bréngt Iech direkt bei éischter Geleeënheet a Sécherheet. Op Dauer ass den Tornado méi séier wéi Dir.
  • Eng Scheier bitt kee Schutz, genee sou och e Camper oder eng Roulotte. Am Idealfall gëtt et e stabilt Gebai an der Géigend, an dem Dir kënnt Schutz sichen.

Wou sinn ech sécher?

  • An engem Gefier ass ee bei engem Tornado net sécher
  • Brécke bidden och kee Schutz, se fungéieren als Wandtunnel
  • Hei am Land bidde Kelleren de beschte Schutz. Wa Dir keen hutt, dann esou vill Mauere wéi méiglech tëscht Iech an den Tornado bréngen – méiglechst ouni Fënster.

No engem Tornado

  • Wann en Tornado iwwert Iech ewechgezunn ass an Dir setzt fest, da maacht op Iech opmierksam. Falls nach méiglech kommunizéiert per Smartphone – Wa net da maacht mat alle Mëttelen déi Dir kënnt fannen Kaméidi, fir dass een Iech fënnt. Huelt e Stéck vun Ärer Kleedung oder eng Mask, fir Äere Mond, Äer Nues an Äer Aen viru Stëbs ze schützen.
  • Wa Dir schwéier blesséiert Leit fannt, da rufft direkt den 112. Bréngt Iech net selwer a Gefor.
  • Halt Iech iwwert d’Medien & d’Matdeelung vun der Regierung iwwert d’Entwécklungen um Lafenden
  • Gitt net a beschiedegt Gebaier eran, ausser se goufe vun engem Expert als sécher agestuuft
  • Passt op erausstoend Neel, Holzbrieder, Spläiteren & Schiebelen op
  • Iwwerpréift, falls op Iech zoutreffend, Gas-, Stroum- a Waasserleitungen. Wa Dir eng futtis Leitung gesitt oder Gas richt, dann dréint d’Leitungen vun dobaussen zou.
  • Wa Dir Iech net sécher sidd, ob Gas ausgetrueden ass oder net, da benotzt och keng Fixspéin oder Briqueten an dréckt och keng Schalteren, well d’Fonken vun allen dräi eng Gasexplosioun veruersaache kënnen.
  • Wa Dir lasse Stroumleitungen oder och Funken gesitt, oder Feier richt, dann schalt d’Haaptsicherung aus
  • Wann de Stroum ausgefall ass, da benotzt Täscheluuchten a keng Käerzen
  • Hutt ëmmer e Feierläscher bei Hand
  • Passt op Héichspannungsleitungen op, déi um Buedem leien oder op den Daach gefall sinn

TORNADOEN