Aleedung

D’Thema vun haut bezitt sech op de Warnsystem vu Météo Boulaide an ass dohier net mam staatleche Wiederdéngscht a Verbindung ze bréngen.

Météo Boulaide schafft mat engem eegene System, fir de ganze Management ronderëmt d’Wiedergeforen fir de Public ze vereinfachen, resp. fir de Prozess an der Atmosphär och e bësse méi novollzéibar ze maachen. Dass et méiglech ass, dass eppes warnrelevantes usteet heescht nämlech net, dass och sécher eppes kënnt – dat ass beispillsweis een vun e puer Punkten, déi ëmmer erëm mëssverstane ginn. Fir den akute Warnunge méi Relevanz ze verschafen, gëtt bei Météo Boulaide och mat Virwarnunge geschafft. Dëst verhënnert, dass de Public iergendwann net méi richteg op Akutwarnunge reagéiert, well se ze oft ausgeruff ginn mee am Endeffekt awer keng Gefor optrëtt.

Kuerzvideo zu dësem Sujet:

Virwarnungen & Warnungen, wat ass den Ënnerscheed?

Ënnert enger Virwarnung versteet een, dass der Atmosphär an de nächste Stonnen déi néideg Zutaten zur Verfügung stinn, fir potenziell warnrelevant Wiederphänomener ze generéieren. Informatiounen doriwwer, wéi eng Deeler vum Land tatsächlech wäerte betraff sinn oder ob iwwerhaapt, ginn et nach keng. Haaptsächlech a Saachen Donnerwieder besteet e groussflächegt Potenzial, wat wäit iwwert déi Lëtzebuergesch Grenzen erausgeet. Dowéinst gëtt am Fall vun enger Donnerwiedervirwarnung de méi grousse Spektrum beliicht & d’Groussregioun oder och gréisser Ausschnëtter vu Mëtteleuropa mat abezunn.

Beispill vun enger Donnerwieder-Virwarnung

Virwarnzäit fir déi eenzel Phänomener am Idealfall:

  • Donnerwieder: 6 – 12 Stonnen
  • Staarkreen & Dauerreen: 6 – 12 Stonnen
  • Stuerm: 12 – 24
  • Schnéi: 6 – 24 Stonnen
  • Hëtzt: 24 – 48 Stonnen
  • Keelt: 24 – 48 Stonnen

Virwarnunge ginn also un, dass d’Potenzial fir warnrelevant Phänomener besteet, mee en tatsächlechen Impakt nach net sécher ass resp. den Oflaf dovun.

Ënnert enger Warnung versteet een, dass eng am Warnkatalog virdefinéiert Gefor imminent bevirsteet, resp. schonn amgaangen ass a sech op Lëtzebuerg duerbeweegt. Am Fall vun enger Donnerwiederlag gëtt sech esou gutt et geet d’Méi gemaach, eenzel Zellen ze bewarnen. Esou gëtt erreecht, dass akut Wiederwarnungen däitlech méi Gewiicht kréien an eng tatsächlech, momentan optriedend oder direkt ustoend Gefor beschreiwen.

Beispill vun enger Donnerwiederwarnung

Ënnerscheed tëscht Virwarnungen & Warnungen unhand vu Liewensmëttel erkläert | Illustratioun: Zoé Wallendorf

Wéini gëtt gewarnt?

Ob Virwarnung oder Warnung, déi zwee Modi baséieren op Definitiounen, déi am Météo Boulaide Warnkatalog festgehale sinn. Virwarnunge ginn eréischt dann erausginn, soubal déi fir d’Phänomen zoutreffend Warnschwell erreecht oder iwwertraff kéint ginn. Genee esou gëtt och eréischt dann eng akut Wiederwarnung erausginn, soubal definéiert Grenzen erreecht oder iwwertraff ginn.

D’Gefore gi net méi duerch Faarwe gekennzeechent, wéi dat bei anere Wiederdéngschter üblech ass, mee duerch Warn-Niveauen. D’Mindestviraussetzung fir eng Virwarnung oder Warnung ass den éischte Niveau vun am ganzen 3 Stufen. Déi drëtt Stuf beschreift, egal ëm wéi e Phänomen et sech handelt, eng besonnesch geféierlech Wiederlag. D’Konditiounen fir eng Warnung oder Virwarnung vun dësem Niveau si bewosst esou héich ugesat, fir dass am Eeschtfall och ze erkennen ass, dass eppes aussergewéinleches usteet.

Dat heescht och, dass nach laang net all Donnerwieder, staark Schauer, staarke Wandstouss an och net all Zentimeter Schnéi wäert bewarnt ginn.

D’Chronologesch Reihefolg vum Warnmanagement

D’Virwarnungen a Warnungen ergänzen de Produit vum Donnerwieder-Outlook. Mat dësen dräi “Meldestufen” léisst sech am Fall vun enger Donnerwiederlag och fir de normale Verbraucher vill besser novollzéien, wat an der Atmosphär lass ass a firwat et méiglecherweis déi eng Géigenden méi kräfteg treffe kéint wéi déi aner.

Den optimalen Oflaf vun enger Donnerwiederlag leeft chronologesch folgendermoossen of:

  1. Entweder den Dag virdrun owes oder den Dag selwer moies fréi gëtt en Donnerwieder-Outlook erausginn, duerch deen een iwwert déi atmosphäresch Viraussetzungen iwwert de verschiddenste Géigenden an eiser Groussregioun oder um mëtteleuropäesche Kontinent informéiert gëtt. Dëst ass weder eng Virwarnung nach eng Warnung.
  2. 6 bis 12 Stonnen, je no Knifflegkeet vun der Situatioun och 3 Stonnen am Viraus, gëtt eng Virwarnung fir déi néideg Géigenden erausginn. D’Situatioun huet sech also weider konkretiséiert, ouni dass se awer bis an de leschten Détail sécher ass. Wa méiglech an deemno wéi eng Geforen an der Virwarnung beschriwwe ginn sollt een sech awer schonn drop gefaasst maachen, an de nächste Stonnen eventuell mussen ze handelen.
  3. Entweder genee dann, wann eng Gefor agetraff ass oder wann et kuerz virdrun ass (am Fall vun engem Donnerwieder meeschtens 15 bis 30 Minutten virdrun) gëtt eng akut Wiederwarnung aktivéiert, déi och méi konkret drop ageet, wéi eng Géigenden am Land tatsächlech betraff sinn a wéi eng net.

Heiansdo ginn et och Deeg, un deenen spontan musse Virwarnungen oder Warnungen aktivéiert ginn, och ouni Donnerwieder-Outlook am Viraus. D’Wieder spillt nämlech net ëmmer no de Reegelen an ass & bleift bis op e gewësse Grad onberechebar.

Dës Informatioune stinn a kenger Verbindung mam staatleche Wiederdéngscht oder soss staatlechen Institutiounen. Météo Boulaide ass e Wiederdéngscht, dee vu ClearSky Solutions gefouert gëtt – enger net-staatlecher Entreprise. All Ugabe sinn ouni Garantie.

VIRWARNUNGEN & WARNUNGEN

Kuerzvideo: