Weekend: D’Nuecht op de Samsde gëtt eng lefteg bis fläit stiermesch

De Freide verleeft nach gréisstendeels roueg, iwwerdeems aus Westen awer lues a lues eng Kalfront iwwergräift.

Lefteg bis punktuell mol e bësse stiermesch

Ier et esouwäit ass, ass et de Freide selwer nach zimmlech roueg. D’Sonn kënnt sech weisen, dobäi zéien e puer Wolleken duerch. Et bleift laang frëndlech, bis dann iergendwann vum spéidere Nomëtten/Owend un aus Westen déi éischt méi déck Wolleken eragetrudelt kommen. Dës Wolleken hänke mat enger Kalfront/Okklusiounsfront zesummen, déi un engem Stuermdéif hänkt. Dëst Stuermdéif befënnt sech nërdlech vun de britteschen Inselen a wäert och bei eis de Wand e bësse méi spierbar maachen.


D’Wandspëtzten fir d’Nuecht op de Samsden/Samsdemoien | Grafik: wxcharts.com

Zu Lëtzebuerg ass zwar kee wierkleche Stuerm ze erwaarden, an awer kann et wärend dem Passage, deen tëscht der fréier zweeter Hallschent vun der Nuecht op de Samsden an dem Samsdemoie stattfanne wäert, zu spierbare Wandstéiss kommen. Tëscht 50 a 65 km/h sinn als realistesch unzegesinn, op de Koppen oder och am Beräich vu méi kräftege Schaueren, déi an d’Front kënnen agelagert sinn, sinn och mol bis ëm 70 km/h net onméiglech. De Samsden iwwer bleift et zwar lefteg, dat “schlëmmst” ass awer iwwerstanen.