Weekend: Éichten Hierschtstuerm de Sonndën!

A villen däitsche Medie gëtt scho vun engem staarken Orkan geschwaat, deen eis de Sonndë beaflosse soll. Obwuel sou Aussoen aus aktueller Siicht nach guer net machbar sinn, sollt een d’Situatioun awer genaustens am Aen behaalen!

De Samsden ass en Iwwergangsdag

Ier d’Wieder de Sonndë sou richtëg turbulent gëtt, gëtt de Samsden en Iwwergangsdag. Daagsiwwer wiessle sech méi déck Wollécken an e puer sonnëg Momenter of, d’Temperature packen et op Maximalwerter vu 14 bis 18 Grad. De Wand ass scho spierbar aus westleche Richtungen ënnerwee an ereecht Spëtzte vu 45 km/h. Ab dem spéidere Nomëtte komme Wollécken aus Westen an d’Land eragezunn, déi am weidere Verlaaf vun de Stonnen de Reenrisk ëmmer méi uklamme lossen. An der Nuecht geet et mat den Temperaturen op 13 bis 8 Grad eroof an et reent.

Scho gewosst?

De geneeë Verlaaf zu de nächsten dräi Deeg fannt Dir ëmmer am Détail an topaktuell ënnert dësem Link.

Oflaaf vum Samsden vum ICON-Modell (wxcharts.eu)

Éichten Hierschtstuerm um Sonndë méigleg

Am Spotlight steet en éichten Hierschtstuerm, deen de Sonndën iwwer Deeler vu Mëtteleuropa ewechzéie wärt. Opgrond vu groussen Ënnerscheeder tëschent de Modeller ass de geneeën Oflaaf vum Sonndë net bekannt, dëst gëtt réicht wéinëg Stonne virum Antreffe kloer. Déi folgend Zeile respresentéieren d’Berechnunge vum Donnëschdenowend (20.09.2018 – 23:27) a gi laafend aktualiséiert. Vir d’Onsëcherheet ze präsentéiere, gesidd Dir elo e kuerze Verglach vun de Modeller.

Amerikanësche Modell (GFS)

Dem amerikanësche Modell no zitt de Kär vum Stuermdéif de Sonndë knapp nördlech u Lëtzebuerg laanscht, soudass mir matten am Stuermfeld leie géifen. Demno misste mir mat Stuermstéiss vun 80 bis 100 km/h rechnen.

Däitsche Modell (ICON)

Den däitschen ICON gesäit de Kär vum Stuermdéif ongeféier op der selwechter Héicht wéi de GFS. Dëse Simulatioune no wiere souguer Wandvitesse vun em 120 km/h méigleg.

Franséische Modell (ARPEGE)

Dem franséischen ARPEGE no zitt de Kär méi wäit südlech, soudass Lëtzebuerg net méi vum Haaptwandfeld erwëscht géif ginn. Sollt dëse Fall antrieden, hätte mir just Wandspëtzte vun em 75 km/h ze erwaarden.

Fazit:

Wéi Dir gesidd, si sech d’Modeller nach net eenz, wéiee wee de Kär vum Stuerm aleeë wärt. Dëse bestëmmt, wéi intensiv Lëtzebuerg vun dësem Stuerm wärt betraff sinn. Zitt de Kär knapp nördlech laanscht, ass Lëtzebuerg matten am Stuermfeld. Zitt e méi wäit südlech, da fällt de Wand net all ze staark aus. Net nëmmen de Wand gëtt vun der exakter Zuchrichtung a Positioun beaflosst, mee och d’Reequantitéiten. Hëllt een den Duerchschnëtt vun den uewe genannte Modeller, da kann ee sech virun allem am Norde vum Land op 15 bis 30 l/m² astellen. Am Süde géifen ëm 15 l/m² eroofkomme, wann déi momentan Simulatioune bäibehaale ginn. Dësen Artikel gëtt an de nächsten Deeg ëmmer rem aktualiséiert, soudass Dir stännëg um neiste Stand bleift! Weider Informatioune ginn et natierlech och op Facebook.