Weekend: Markanten Temperaturréckgang vum Samschden op e Sonnden

De Weekend verleeft weiderhin dréchen a meeschtens sonneg. Wat d’Temperature betrëfft, wäert en awer zweegedeelt sinn. E Sonnden ass mat enger Differenz vun ëm 10°C ze rechnen.

Advertisement

Grousswiederlag: Polar Loftmasse sträifen eis

Vun haut bis e Samschde selwer wäert sech nach net all ze vill doen: En Déif virun der Küst vu Portugal a Spuenien transportéiert mëll bis waarm Loftmassen aus dem Mëttelmierraum an eis Géigenden. E Sonnden awer zitt sech den Déifdrockafloss weider op den Atlantik zréck, wouvun en Héichdrockgebitt iwwert dem skandinavesche Raum wäert profitéieren.


D’Grousswiederlag fir e Sonnden | Grafik: wxcharts.com

Zur selwechter Zäit läit en Déifdrockgebitt iwwert dem Norde vun der Ukrain – an zesumme suergen dës zwee Gebitter dofir, dass e Schwall mat polare Loftmassen Deeler vun Osteuropa fluten, inklusiv och engem gudden Deel vun Däitschland. Och zu Lëtzebuerg kréie mir dat ze spieren, mee awer net esou intensiv.

De Verlaf

Sou wéi och schonn haut um Donneschde wäert den Dag vu muer richteg frëndlech verlafen, dat mat vill Sonn a virun allem iwwerduerchschnëttlechen Temperaturen. Tëscht 18 an 21 Grad si generell ze erwaarden, un eenzelne Flecke vum Land kënnen awer och bis zu 22 oder 23 Grad net ausgeschloss ginn – haaptsächlech laanscht d’Musel. Fir e Samschde si sech d’Modeller a Saache Maximaltemperature net esou sécher, well et nach net exakt gewosst ass, vu wéini un déi polar Loftmasse mat hirem vergläichsweis klengen Afloss op Lëtzebuerg ufänken. Allefalls kann ee sech awer op tëscht 17 an 21 Grad astellen, den “optimisteschste” Modeller no, wéi z.B dem däitschen ICON, kéinte mir op en änleche Niveau erreeche wéi e Freiden.

E Sonnde sti nach meeschtens tëscht 8 an 12 Grad um Programm, esou de momentane Stand. Um fréie Moie leien d’Temperaturen tëscht 1 a 4 Grad, fir den Ufank vun der neier Woch ass mat Fréitemperature vu bis ëm -2°C ze rechnen – net esou gutt fir sensibel Planzen.

Wat d’Wieder selwer betrëfft, ass zumools am Laf vum Samschdenomëtte mat Schleierwolleken/héije Wolleken ze rechnen. Soss ass et awer laang sonneg a Reen ass keen ze erwaarden.