
Wéi schonn matgedeelt, stinn déi kuerzfristeg Prognose momentan op wackelege Been: Fir de Weekend hu sech e puer Changementer ageschlach, d’nächst Woch kéint dann och mat enger “Iwwerraschung” ugoen.
Advertisement
Firwat d’Prognose momentan esou schwéier sinn
D’Prognose sprangen an de leschten Deeg zimmlech hin an hier – dat net nëmme fir d’Mëttelfirst (wat normal wier), mee och fir d’Kuerzfrist. D’Grousswiederlag u sech ass kloer: D’Muster ass dat, dass e grousst Héich iwwer Russland läit, wat sech op de skandinavesche Raum ausbreet. Dat, wat am Endeffekt awer ëmmer erëm fir déi grouss Changementer suergt, ass e klengt Déifdrockgebitt iwwer Frankräich. Doduerch, dass seng Positioun ëmmer erëm anescht simuléiert gëtt, ännere sech d’Berechnungen hisiichtlech den Temperaturen an de virausgesote Nidderschléi a Formen zimmlech séier. Et ass dat perfekt Beispill fir de sougenannte Päiperlekseffekt, bei dem scheinbar minimal Ënnerscheeder a Wierklechkeet fir grouss Differenze kënne suergen.
Ganz transparent gesot, ass et onméiglech, eng exakt Prognos fir de Weekend ofzeginn – zumools fir déi nächst Woch. Trotzdeem interpretéiere mir elo op e Neits déi aktuell Modellrechnungen, fir awer um neitste Stand ze sinn.
Klengt Déif, grouss Wierkung
Iwwer Nuecht verlagert sech dat beschriwwent franséischt Déifdrockgebitt vu Südwestfrankräich bis an d’Bretagne a wäert esou ëmmer méi en Afloss op eis heiheem huelen. Zur selwechter Zäit drécken aus Russland hier kill Loftmassen an eis Géigenden eran, déi eis awer, eben duerch dat Déif, net wäerten erreechen: Well Déifdrockkären géint d’Auer dréine, gëtt d’Keelt aus Russland einfach “opgewéckelt” an op déi brittesch Inselen esouwéi och de Weste vu Frankräich ëmgeleet. Dovun ofgesinn wäert dës Keelt och net all ze markant ausfalen.

Zur selwechter Zäit gerode mir op déi viicht Säit vum Déif (Vorderseite), déi eis typescherweis méi mëll Loftmassen aus dem Mëttelmierraum op Lëtzebuerg lenkt. Dat ass och de Grond dofir, dass et muer an iwwermuer op eemol däitlech méi mëll gëtt wéi et an de leschten Deeg war. Nach e Mëttwoch goufe fir de Weekend och am Dag fraschteg Temperature berechent, wat doru louch, dass d’Déif nach e gutt Stéck méi wäit ëstlech berechent gouf. Dës relativ kleng Ännerung vun der Positioun huet awer elo fir dësen immens groussen Ënnerscheed an der Prognos gesuergt.
De “neie” Verlaf
Muer um Samschde si vill Wolleken ënnerwee, virun allem an der éischter Dageshallschent si liicht Nidderschléi dran. Zwar sinn der och nach duerno méiglech, mee do ass d’Warscheinlechkeet dofir net méi grad esou héich. Je no Temperatur falen dës a Form vu Gefisems oder Gegrimmels – eenzel Modeller wëlle fir d’Moiesstonnen och e puer “richteg” Schauere net ausschléissen. Nodeems et am Nomëtten ebe manner naass sollt ginn, klëmmt d’Neigung dozou erëm a Richtung Nuecht op e Sonnden. En Ausleefer vum Déif kënnt eis aus Frankräich méi no a kann eis an der éischter Hallschent vum Sonnden en änlechen Zenario brénge wéi fir e Samschdemoien. Am Bléck op de Weekend vu gëschter wieren d’Nidderschléi vum Samschdemoien déi lescht fir de Weekend gewiescht.
Desweidere gëtt elo berechent, dass eben duerch d’Déifdrockgebitt a Frankräich, wat eis a klenge Schrëtt méi no kënnt, Nidderschléi ëmmer méi warscheinlech ginn. Et wier also mat Reen- a Schnéischaueren ze rechnen, déi sech bis an de Méinde kënnen eranzéien. Zumools den däitschen an och den europäesche Modell gesinn eng kleng Warscheinlechkeet dofir, dass eis e gréissert, mee net all ze kräftegt Nidderschlagsgebitt mat Reen a Schnéi kéint erreechen. Dëst bleift awer nach ze confirméieren.