Weekend-Update: Weiderhi vill Beweegung duerch Wand a Flacken an de Kaarten

Gëschter hu mir eng éischt Kéier méi déifgrënneg op de Weekend gekuckt, zanterdeems hu sech verschidde Parameter weider konkretiséiert. Haaptsächlech steet de Wand am Fokus, op d’mannst plazeweis gëtt et och nach e Potenzial fir Schnéifall.

Advertisement

E puer Changementer zu gëschter

Gëschter hate mir eis de Weekend eng éischt Kéier méi genee ugekuckt – oder op d’mannst dat, wat d’Wiederkaarten eis gëschter gewisen hunn. Déi generell Wiederlag wäert e Weekend eng immens variabel an deels och turbulent sinn, dat huet sech net geännert – mee e puer Klengegkeete ginn elo e bëssen anescht bewäert. Generell si sech d’Modeller mat hire Léisungen elo méi eens wéi gëschter.

Nodeems et muer duerch eng Waarmfront an eng uschléissend Kalfront naass gëtt, läit dat fir de Weekend relevant Déifdrockgebitt nach iwwert dem Atlantik.

Amerikanesche Modell GFS

Dem amerikanesche Modell no wäert et an der Nuecht op e Samschden iwwert der Nordhallschent vun de britteschen Insele leien an e Samschdenowend iwwert dem äusserste Nordweste vun der Belsch an dem Südweste vun Holland ukommen. Fir dësen Zäitpunkt rechent de Modell besonnesch fir déi héchst Koppe vum Land Schnéifall, iwwerdeems et fir de Rescht vum Land gréisstendeels Schnéireen oder Reen wier.


Den Oflaf fir de Weekend laut GFS-Modell | Animatioun: wxcharts.com

Relevant wier zur selwechter Zäit awer och de Wand, well dësen de Berechnunge no Spëtzte vun iwwer 70 km/h kann erreechen. E Sonndemëtte soll d’Déif mat sengem Kär quasi genee iwwer Lëtzebuerg leien, dohier kéint et kuerzzäiteg bis méi wäit erof fir Schnéischaueren duergoen. De Wand wier dann keen Thema méi.

Europäesche Modell ECMWF

Den europäesche Modell war dem Stand vu gëschter no nach esou agestallt, dass de Kär vum relevanten Déif knapp südlech u Lëtzebuerg géif laanschtzéien, an eis domat en décke Pak Schnéi géif bréngen. Déi nei Berechnunge gi méi an d’Richtung vum amerikanesche Modell a gesinn d’Déif och vun der Belsch/Holland hier erakommen. Duerno soll et am Laf vum Samschdenowend iwwer Nordrhein-Westfalen zéien an eis domat récksäiteg wanterlech kill a fiicht Loftmasse bréngen.


Den Oflaf fir de Weekend laut ECMWF-Modell | Animatioun: wxcharts.com

Besonnesch fir d’Äifel mee och déi héchst Koppe bei eis am Land géif dat Schnéifall bedeiten. Wat de Wand ugeet wier bei eis mat engem Feld ze rechnen, wat eis kräfteg Wandstéiss bis hin zu eenzel Stuermstéiss géif bréngen – Zäitpunkt: Samschdemëtten, wärend d’Déif op de Kontinent trëfft. E Sonnde wiere nach eenzel Schnéischauere méiglech, genee wéi och den amerikanesche Modell et aktuell vermutt.

Däitsche Modell ICON-EU

An Tëschenzäit rechnen och aner Modeller bis an de relevanten Zäitraum, wéi beispillsweis den ICON-EU. Dëse Modell gesäit d’Déifdrockgebitt an der Nuecht op e Samschden nëmme minimal méi wäit nërdlech iwwer Holland erakommen a rechent fir de Samschdevirmëtten e markant Wandfeld heiheem, duerch dat et punktuell zu Spëtzte vun ëm 80 km/h kéint kommen.


Den Oflaf fir de Weekend laut ICON-EU-Modell | Animatioun: wxcharts.com

Wärend dem Kalfrontduerchgang, deen schonn an der Nuecht op e Samschde geschitt, soll alles Reen sinn. Eréischt op der Récksäit vum Déif, wou jo och déi wanterlech kill Loftmassen eragezu kommen, ass dëse Modell änlech ënnerwee wéi de GFS an den ECMWF a gesäit zumools op de Koppen d’Warscheinlechkeet vu Schnéifall.

De Fazit

D’Modeller hu sech am Verglach zu gëschter staark konkretiséiert. Sollt sech net méi vill dorun änneren, da steet eis de Weekend e lëftege bis stiermesche Passage un, deen no enger Zäit och nach e bësse Schnéi fir d’Koppe vum Land géif bréngen. Sollt de Wand zu dësem Zäitpuntk dann tatsächlech nach en Thema sinn, da kéint et duerch de gläichzäitege Schnéi zu nennenswäerte Probleemer am Verkéier kommen. Mee dat si kleng Détailer, déi nach musse gekläert ginn.


Berechnung vun der Probabilitéit fir eng Schnéicouche duerch KI, baséierend op dësem Artikel | Grafik: Météo Boulaide