Weekend: Wéi vill Reen ass ze erwaarden?

De Weekend iwwer besteet erëm nëmmen eng kleng Reewarscheinlechkeet. Gréisser Quantitéite sollte net erofkommen, ausser mir geroden an de Beräich vun engem Donnerwieder.

Nëmme punktuell nennenswäerte Reen méiglech

Am grousse ganze gekuckt sollt et de Weekend iwwer eigentlech erëm net all ze vill reenen. Duerch de Passage vun enger Konvergenzzon besteet haaptsächlech um Samsden awer d’Warscheinlechkeet vu lokale Schliet. Ob dës awer wierklech optriede wäerte, gëtt vun de Modeller nach ganz ënnerschiddlech ageschat.

Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent mat Quantitéite vun tëscht 3 a 6 l/m². Dat meescht dovu gëtt fir den äusserste Weste vum Land berechent.

Den europäesche Modell ECMWF ass mat tëscht 1 an 10 l/m² dobäi. Anescht wéi de GFS et gesäit, soll et dësem Modell no am Norden am mannste reenen. Am Süde wieren tendenziell déi gréisst Quantitéiten ze erwaarden.

Sou wéi all d’ausgesicht Modeller, rechent och de franséischen ARPEGE um Samsde mat der gréisser Reewarscheinlechkeet. Grouss Quantitéite wieren awer net dobäi, tëscht 0 an 2 l/m² wieren ze erwaarden.

Den däitschen ICON ass mat 0 bis 1 l/m² och erëm zimmlech pessimistesch, mee méiglecherweis awer och realistesch ënnerwee.