Weekend: Wéi vill reent et a wéini brauch ech mäi Prabbeli?

De Weekend iwwer schéngt et endlech mol erëm zu e puer Liter Reen ze kommen. Et gëtt e bësse méi variabel, dat duerch Frontesystemer. Schon haut um Freide kann et zu geréngfügege Nidderschlagsquantitéite kommen, dat duerch eng schwaach Mëschfront/Okklusiounsfront.

Endlech mol erëm e bësse Reen a Siicht

Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent bis de Sonndenowend spéit mat akkumuléierte Quantitéite vun tëscht 7 a 14 l/m², dat meescht dovu soll un der Nordspëtzt vum Land erofkommen.

Och den europäeschen ECMWF rechent domat, dass de meeschte Reen haaptsächlech un der Nordspëtzt vum Land erofkomme sollt. D’Quantitéite falen awer net grad esou héich aus: dëse Modell rechent mat tëscht 3 a 6 l/m².

De franséischen ARPEGE-Modell ass der Meenung, dass de meeschte Reen laanscht de Westen an och un der Nordspëtzt vum Land erofkënnt. A Saachen Zuele géife mir uechtert Land tëscht 4 a 9 l/m² erauskommen.

D’Quantitéiten déi den däitschen ICON rechent si mat 5 bis 10 l/m² net all ze wäit ewech. Am mannste Reen soll an der Mëtt vum Land falen.

Meeschte Reen an der Nuecht op de Sonnden/Sonndemoien

Wann een d’Modeller esou kuckt, da fält engem op, dass et de Weekend am warscheinlechsten an och am meeschten an der Nuecht op de Sonnden an och vum Sonndemoie bis an de fréie Sonndemëtten era reent – dat duerch eng Kalfront. Probéiert ee mat de Quantitéiten op ee gréngen Zweig ze kommen, da kann een de Weekend iwwer mat tëscht 4 an 10 l/m² rechnen. Vu Géigend zu Géigend kann et awer erëm zu gréisseren Differenze kommen.