Weekendwieder: Et bleift héichsummerlech, klenge Wiederrisk um Sonndenowend

De Weekend steet ganz am Zeeche vun der Hëtzt. Dësen Artikel befaasst sech mat der allgemenger Entwécklung bis de Sonnden inclus.

Grousswiederlag

Déiwe Loftdrock iwwert dem ëstlechen Atlantik an héije Loftdrock iwwer Mëtteleuropa loossen et zou, dass iwwerduerchschnëttlech waarm Loftmassen aus Nordafrika & Spuenien op Lëtzebuerg gezu kommen. Dobäi ass et net nëmmen immens dréchen, mee et ass mat ongewéinlech héijen Temperaturen ze rechnen.


D’Grousswiederlag mat der Hëtzt-Blos direkt iwwer Mëtteleuropa | Grafik: wxcharts.com

De Verlaf

Freiden, 17. Juni 2022

De Freidemoien ass et kloer bis liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht 15 a 17 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 21 a 25 Grad erop. D’Sonn ass present, dat bei e puer Wolleken. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vun tëscht 28 an 33 Grad ze rechnen, de Wand bléist schwaach aus Südwesten. An de Spëtzten ass e mat 25 km/h ënnerwee. Déi harmlos Wolleke verzéie sech ëmmer méi, den Himmel gëtt also ëmmer méi blo. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 15 an 21 Grad zréck, den Himmel ass kloer.

Samsden, 18. Juni 2022

De Samsdemoie starte mir mat engem kloren Himmel an den Dag eran, d’Temperature leien tëscht 18 an 22 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 27 an 31 Grad erop. Mëttes an am Nomëtte gëtt et séier nach méi waarm, et ass mat engem Maximum vun tëscht 34 an 38 Grad ze rechnen. De Wand bléist schwaach bis zäitweis liicht spierbar aus Süden, an de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. Duerch Saharastëbs an der Loft kann et och mol sinn, dass et liicht dréif um Himmel gëtt. Um Owend an an der Nuecht killt et guer net esou richteg of, d’Wäerter ginn op tëscht 18 a 24 Grad zréck. Et ass also mat enger Tropennuecht ze rechnen.

Sonnden, 19. Juni 2022

*de Sonnden ass ëmmer nach esou e Wackelkandidat, deen sech jee no Entwécklung kuerzfristeg awer däitlech méi kill gestalte kéint*

De Sonndemoien ass den Himmel kloer, d’Temperature leien tëscht 20 an 23 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 24 an 30 Grad erop. Aus Weste gëtt et lues a lues méi wollekeg. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vun tëscht 27 a 34 Grad ze rechnen, de Wand ass spierbar aus West-Südwesten ënnerwee. An de Spëtzte beweegt e sech mat 45 km/h. Sonn a Wolleke wiessle sech of, et besteet e minimale Risk vun engem Hëtztdonnerwieder. Um Owend an an der Nuecht geet dëse klenge Risk nach e bëssen an d’Luucht, fir Detailer ass et awer nach ze fréi. D’Temperature ginn op tëscht 12 a 17 Grad zréck.