Weekendwieder: Et passéiert eis eng schaarf Loftmassegrenz

Iwwert de Weekend gëtt et méi onbestänneg, wat mir enger schaarfer Loftmassegrenz ze verdanken hunn.

Grousswiederlag

De Weekend iwwer komme mir an de Beräich vun enger Loftmassegrenz, déi esouguer zimmlech schaarf verlafe wäert. Um spéidere Sonnde wäert dës Loftmassegrenz méi oder manner iwwer Lëtzebuerg leien. Wärend am Südoste vun Däitschland nach Temperature vu bis zu 17 Grad méiglech sinn, kënnt et iwwert dem Weste vum Kontinent zu engem Temperaturstuerz bis op tëscht 0 bis 6 Grad erof.

Dës Loftmassegrenz bréngt net nëmme niddereg Temperaturen an en Temperaturkontrast mat séch, mee och nennenswäert Nidderschléi.


D’Loftmassebeweegung de Weekend iwwer | Grafik: wxcharts.com

Freiden, 09. Abrëll 2021

De Freidemoien ass et gréisstendeels gro, et bleift awer dréchen. D’Temperature leien tëscht -1 a 4 Grad a klammen am Virmëtten op 2 bis 6 Grad erop. Et bleift onverännert. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 12 a 17 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis zäitweis spierbar aus Südwesten. An de Spëtzten ass e mat 40 km/h ënnerwee. Et si vill Wolleken ënnerwee, eenzel sonneg Momenter si méiglech. Et bleift nach gréisstendeels dréchen. Um Owend komme lues a lues déi éischt lokal Nidderschléi eragezunn, an der Nuecht op de Samsde reent et groussflächeg. D’Temperature ginn op tëscht 4 an 10 Grad zréck.

Samsden, 10. Abrëll 2021

De Samsdemoien ass et staark bedeckt an et reent, d’Temperature leien tëscht 5 an 10 Grad a klammen am Virmëtten op 7 bis 11 Grad erop. Et bleift bedeckt, et reent weiderhi méi laang um Stéck. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 9 an 13 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis zäitweis spierbar aus Südwesten. An de Spëtzten ass e mat 35 km/h ënnerwee. Et bleift ëmmer nach gro an et reent virun. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 7 an 10 Grad zréck, et bleift fiicht duerch nach eenzel Schaueren a Niwwelfelder.

Sonnden, 11. Abrëll 2021

De Sonndemoien ass et staark bedeckt an et reent, d’Temperature leien tëscht 6 an 10 Grad a klammen am Virmëtte net vill méi wäit. Et bleift bedeckt, mee et gëtt e bësse méi dréchen. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 8 an 12 Grad ze erwaarden, eng Loftmassegrenz läit iwwert eis. De Wand bléist schwaach bis zäitweis liicht spierbar aus Nord-Nordwesten. An de Spëtzten ass e mat 35 km/h ënnerwee. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Nidderschléi manner fréquent, mee duerch d’Temperaturen déi op tëscht -1 a 4 Grad fale kann et besonnesch op de Koppen zu e puer Flacke kommen. De Risk vu glate Stroosse klëmmt.