Weekendwieder: Schnéifall ass net nohalteg

Nach e puer Stonnen, dann ass erëm Weekend. Wéinst dem Schnéifall dobausse kann ee sech berechtegt froen, ob et dann iwwerhaapt de ganze Weekend esou bleiwe kann. An dësem Artikel fannt Dir de ganze Verlaf.

Grousswiederlag

Dëse Weekend ginn et déi éischt Unzeechen dofir, dass sech erëm héije Loftdrock ëmmer méi probéiert bei eis duerchzesetzen – ass awer nach net sou richteg erfollëgräich domat. Sou leie mir nach gréisstendeels ënner Déifdrockafloss, deen eis ëmmer erëm Nidderschléi op Lëtzebuerg bréngt. Dat um Freide nach a Form vu Schnéi, mee dëst wäert net esou bleiwen. Bis de Sonnde fléissen erëm méi mëll Loftmassen an, wat mir engem Héichdrockgebitt ze verdanken hunn, wat iwwert dem Alperaum läit. Zur selwechter Zäit hu mir déiwe Loftdrock iwwert dem Atlantik, deen sech vu virun der Küst vu Portugal erop op déi brittesch Inselen erstreckt. Duerch dëst Stréimungsbild gëtt déi fiicht a kal nordwestlech Stréimung ënnerbrach an de Wand dréint op Südwesten. D’Resultat: méi mëll Loftmasse fannen hire Wee op Lëtzebuerg, wat d’Enn fir dëse klenge wanterleche Besuch bedeite wäert.

De Verlaf

Freiden, 10. Dezember 2021

De Freidemoien ass et staark bedeckt, dobäi zitt vu Westen/Südwesten hier Schnéireen a Schnéifall op. D’Temperature leien tëscht 1 an 3 Grad, sollen am Virmëtten awer iwwerall an de Beräich vum Gefréierpunkt a virun allem am Norde liicht drënner falen. De Grond, firwat de Schnéireen, deen am Ufank nach gefall ass, op méi plaze kann a Schnéifall iwwergoen. Et ass zäitweis souguer mat méi staarkem Schnéifall ze rechnen, et ass mat glate Stroossen ze rechnen. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 0 an 3 Grad ze erwaarden, et gëtt also erëm méi mëll. Am Norde vum Land ass et am warscheinlechsten, dass de Schnéi weiderhin a senger Form bleift. A Richtung Süden an och déi Plazen, déi méi nidderëg leie, kann de Schnéi schonn erëm a Schnéireen iwwergoen. Wann also eng dënn Schnéicouche zustane komm ass, da fänkt dës och schonn erëm un ze schmëlzen. Op de Koppen am Norde ka sech de Schnéi definitiv am längsten halen. De Wand bléist spierbar aus West-Nordwesten, an de Spëtzte packt en et op 35 km/h. Um Owend kënnt et nach zu eenzelne Schnéi- a Schnéireenschaueren, ier et an der Nuecht selwer méi dréche sollt ginn. D’Temperature bleiwe bei tëscht 0 an 3 Grad.

Samsden, 11. Dezember 2021

De Samsdemoien ass et gro duerch Wolleken a Niwwelfelder, dotëscht ass och mol duerch gefisems a Form vu Reen a Schnéiflacken ze rechnen. D’Temperature leien tëscht 0 an 3 Grad a bleiwen och am Virmëtten am selwechte Beräich. Vum Wiederzoustand hier ass mat kenger Ännerung ze rechnen. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 1 a 4 Grad ze erwaarden, et gëtt méi dréchen an d’Luucht bleift zou. Op ville Plaze, besonnesch am Norde vum Land, ka sech duerch d’Schmëlze vum Schnéi aus de Stonne virdrun och mol méi décke Niwwel forméieren. Um Owend an an der Nuecht pendle sech d’Temperaturen tëscht 1 an 3 Grad an, aus Weste komme méi kompakt Wolleken eran. Bis an de fréie Sonndemoien era sollt sech de Reen awer nach meeschtens kleng halen.

Sonnden, 12. Dezember 2021

De Sonndemoien ass et staark bedeckt an et reent, d’Temperature leien tëscht 2 a 4 Grad a beweege sech am Virmëtte net vill méi wäit. Et bleift staark bedeckt an et reent groussflächeg. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 4 a 6 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Südwesten. An de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. Et bleift bedeckt, mee de Reen hëlt a Richtung Nomëtten of. Laut Modeller sollen dann erëm méi déck Niwwelfelder méiglech sinn. Um Owend an an der Nuecht pendle sech d’Temperaturen tëscht 4 a 7 Grad an, et bleift gro an et kann zu Fisemreen kommen.