
D’Grousswiederlag
Bis de Sonndemëtte leie mir haaptsächlech am Beräich vun liichtem Héichdrockafloss. Duerno dréckt awer eng kalfront aus Westen eran, déi eis besonnesch a Richtung Sonndenomëtte / spéidere Sonndenowend e bësse Reen brénge kann.

De Verlaf
Samsden, 26. November 2022
De Samsdemoien ass et staark bedeckt, Niwwelfelder si méiglech. D’Temperature leien tëscht 1 a 4 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 2 a 4 Grad erop. Soubal sech de Niwwel opléist, ka sech och mol d’Sonn tëscht de Wolleke weise kommen. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vun tëscht 5 a 7 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach aus Süden. An de Spëtzten ass e mat 25 km/h ënnerwee. Wa sech de Niwwel opgeléist huet, ka sech d’Sonn mat Chance tëscht e puer Wolleke weise kommen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 0 a 4 Grad zréck, glat Stroosse si net komplett ausgeschloss.
Sonnden, 27. November 2022
De Sonndemoien ass et staark bedeckt, bis op Niwwelfelder sollt et zu kenge gréissere Nidderschléi kommen. D’Temperature leien tëscht 1 an 3 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 2 a 4 Grad erop. Et bleift gro a nach meeschtens reenfräi. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 5 a 7 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis zäitweis spierbar aus Südosten. An de Spëtzten ass e mat 40 km/h ënnerwee. Et bleift bedeckt, et ass mat geréngfügegem Reen ze rechnen. Um Owend an an der Nuecht pendle sech d’Temperaturen tëscht 3 a 6 Grad an, et zéie weiderhi Niwwelfelder a geréngfügeg Nidderschléi duerch.