Weekendwieder Update: Abrëllswieder um Samsden, Sonnde méi roueg

Haaptsächlech um Samsden ass e Mix aus Sonn, Wolleken, Reeschaueren, Graupel a Flacken ze rechnen, deemno wéi kann och e kuerzt Donnerwieder optrieden – Abrëllswieder eben.

Grousswiederlag

Ier sech um Sonnde lues awer sécher den Héichdrockafloss zréckmellt, leie mir um Samsde nach op der Récksäit vum selwechten Déifdrocksystem, deen eis um Donneschden Wandvitesse vu bis zu 89 km/h bruecht huet. Doduerch ginn kal, mee awer och fiicht Loftmassen op Lëtzebuerg gelenkt. Duerch eng liicht instabil Atmosphär kënnen ënnert dëse Schaueren och mol Graupelschauere sinn oder och dat engt oder anert kuerzt Donnerwieder.


D’Nidderschlagsbild um Samsden erënnert un e Streiselkuch | Grafik: wxcharts.com

De Verlaf

Freiden, 08. Abrëll 2022

De Freidemoien ass et staark bedeckt, d’Temperature leien tëscht 3 a 5 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 4 a 7 Grad erop. De Reen gëtt ëmmer méi warscheinlech, an et wäert och net laang dauere bis dëse sech iwwert dem ganze Land breetgemaach huet. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 4 a 7 Grad ze erwaarden, ier se awer a Richtung spéidere Nomëtten an Owend op tëscht 1 a 4 Grad fale wäerten. De Grond: d’Randdéif, mat deem mir et ze dinn hunn, schëppt op der Récksäit kill Loftmassen op Lëtzebuerg. Dëst kann dann dozou féieren, dass de Nidderschlag a Schnéireen a Schnéi iwwergoe kann. Eenzelne Modeller no ass och eng Schnéicouche méiglech, mee ob a wou dat de Fall ass kann een de Moment ëmmer nach net wierklech soen. Wat sécher ass, dass op alle Fall gréisser Nidderschlagsquantitéiten erofkomme sollen. D’Nidderschléi sollten awer nach bis an den Owend era bei eis bleiwen, ier et an der Nuecht awer sécher méi dréche sollt ginn. D’Temperature ginn op tëscht -1 an 3 Grad zréck, duerch Nätzt déi fréiert kann et also glat ginn.

Samsden, 09. Abrëll 2022

De Samsdemoien ass et liicht wollekeg bis hin zu bedeckt, d’Temperature leien tëscht -1 an 3 Grad – glat Stroosse kënnen ëmmer nach virkommen. Am Virmëtte klammen dës Wäerter op tëscht 3 a 6 Grad erop, aus Weste komme Nidderschléi méi no. Dës falen als Reen, mee gären och als Schnéireen an op de Koppe mol als Schnéi. Mëttes an am Nomëtte geet d’Schaueraktivitéit an d’Luucht, wouduerch och lokal Donnerwieder mat Graupel net onméiglech sinn. Et gëtt e richtegen Abrëllsdag. 5 bis 10 Grad sinn dobäi. De Wand bléist spierbar aus West-Nordwesten, an de Spëtzte packt en et op 45 km/h. Besonnesch an der Géigend vu Schaueren ass mat engem méi kräftege Wand ze rechnen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht -2 a 0 Grad zréck, duerch Nätzt déi fréiert kann et op e Neits glat ginn. Et gëtt ëmmer méi dréchen.

Sonnden, 10. Abrëll 2022

De Sonndemoien ass et liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht -1 an 1 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 2 a 5 Grad erop. Soubal de lokale potenzielle Niwwel fort ass, kënnt sech d’Sonn tëscht de Wolleke weisen. Um fréie Mëtten ass dat nach de Fall, ier awer e gréissert Wollekefeld opkomme kéint. Et sollt trotzdeem dréche bleiwen, dat bei Maximaltemperature vun tëscht 8 an 12 Grad. De Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus West-Südwesten, an de Spëtzten ass e mat 30 km/h dobäi. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht -1 an 3 Grad zréck, et zéien e puer Wolleken duerch mee et sollt gréisstendeels dréche bleiwen.