Weekendwieder-Update: E Pak Wolleken, sonneg Momenter a waarm

No eisem éischte Bléck op de Weekend gëschter geheie mir elo e Bléck op déi neist Kaarte fir haut, muer an de Sonnden. En Update also.

Grousswiederlag

De Weekend iwwer leie mir zwar ëmmer nach genee tëscht héijem an déiwem Loftdrock, an awer kréie mir e bësse méi eppes vum héije Loftdrock of. Dat bedeit also, dass et en Tick méi dréche gëtt wéi an de leschten Deeg – iwwerdeems eis Temperaturen an engem vill ze waarme Beräich bleiwen.


D’Nidderschlagsquantitéiten iwwert de Weekend fale wäitgoend geréng aus | Grafik: wxcharts.com

De Verlaf

Freiden, 28. Oktober 2022

De Freidemoien ass et nach méi staark bedeckt, och Niwwelfelder si mat dobäi. D’Temperature leien tëscht 13 a 15 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 15 a 17 Grad erop. Et gëtt no a no manner niwwleg an d’Chancen op sonneg Momenter klammen. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 21 a 24 Grad ze erwaarden, den Himmel ass liicht wollekeg. De Wand bléist schwaach bis zäitweis spierbar aus Südwesten, an de Spëtzten ass e mat 40 km/h ënnerwee. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 12 a 14 Grad zréck, trotz weidere Wolleken an och erëm Niwwelfelder bleift et dréchen.

Samsden, 29. Oktober 2022

De Samsdemoien ass et zimmlech gro, dat duerch Wolleken a Niwwelfelder. D’Temperature leien tëscht 13 a 15 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 15 a 17 Grad erop. Et bleift wollekeg. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vun tëscht 19 an 21 Grad ze rechnen, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Südosten. An de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. Et zéie vill Wolleken duerch, déi och mol méi kompakt ausfalen. Dotëscht sinn eenzel sonneg Momenter méiglech, et sollt dréche bleiwen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 12 a 14 Grad zréck, den Himmel ass wollekeg bis niwwleg.

Sonnden, 30. Oktober 2022

De Sonndemoien ass et wollekeg a plazeweis niwwleg, d’Temperature leien tëscht 11 an 13 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 14 a 16 Grad erop. Trotz e puer méi décke Wollekek a sech d’Sonn dotëscht weise kommen. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 18 an 21 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Südwesten. An de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. Sonn a Wolleke wiessle sech weiderhin of. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 10 an 13 Grad zréck, d’Schauerwarscheinlechkeet geet an d’Luucht.