Weekendwieder Update: Et bleift mol nach roueg an zimmlech mëll

De Weekend iwwer bleift d’Wieder weiderhin zimmlech onspektakulär. Och de Reen hält sech ëmmer nach zréck.

Nach keng gréisser Ännerungen

Héije Loftdrock huet eis de Weekend iwwer ëmmer nach am Grëff. Um Sonnde kann eis zwar eng kleng Stéierung a Form vun e puer méi Wolleken erwaarden, mee duerno erkritt sech den Héichdrockafloss iwwert eis erëm. Den Ënnerscheed: en huet sech e bësse verlagert a suergt zesumme mat engem Déif iwwer Russland dofir, dass eis méi kill Loftmassen erreechen. Dëst ass awer eréischt en Thema fir d’nächst Woch.

De Samsdemoien ass et kloer bis liicht wollekeg, plazeweis sinn erëm Niwwelfelder dobäi. D’Temperature leien tëscht 3 a 5 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 4 a 6 Grad erop. Et zéien e puer Wolleken duerch, wann de Niwwel et zouléisst ass d’Sonn och mat dobäi. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 6 an 10 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Nordosten. An de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. Et kommen deels méi déck Wolleken dobäi, reene sollt et dobäi awer net. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 4 a 7 Grad zréck, et zéien e puer Wolleken duerch a spéiderhi sinn och erëm eenzel Niwwelfelder dobäi.

De Sonndemoien ass et meeschtens gro duerch Niwwelfelder an deels méi déck Wolleken. D’Temperature leien tëscht 3 a 6 Grad a klammen am Virmëtte net vill méi wäit. Mat Chance dréckt sech d’Sonn erëm dotëscht duerch, et ass weiderhi roueg. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 5 an 8 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Norden. An de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. Wa sech de Niwwel opgeléist kritt an d’Wolleke gréisstendeels verschwonne sinn, steet engem sonnegen a frëndleche Nomëtte näischt méi am Wee. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 3 a 5 Grad zréck, et sinn erëm e puer Wolleken- a Niwwelfelder ënnerwee.