Weekendwieder-Update: Roueg, an trotzdeem heiansdo méi dréif & bësse naass

De Samsden an och de Sonnde kann ee net wierklech vun onrouegem Wieder schwätzen - héije Loftdrock ass nämlech um Wierk. Trotz dëser Viraussetzung ass et awer trotzdeem heiansdo mol méi dréif bis hin zu wollekeg.

D’Grousswiederlag

Mir hunn et mat enger Héichdrockbréck ze dinn, déi sech vum Atlantik hier iwwer Frankräich bis méi wäit an den Oste vum Kontinent erstreckt – Lëtzebuerg profitéiert also och vun dëser Situatioun. Trotz dësem héije Loftdrock sinn awer heiansdo och kuerz Stéierunge méiglech, dat duerch Wolleken an och mol punkutell liicht Nidderschléi. Dës Stéierunge gi vun engem Déifdrockgebitt aus, wat mat sengem Kär nërdlech vun de britteschen Insele läit.


Héije Loftdrock bestëmmt eist Wieder iwwert de Weekend, an awer ass et net ëmmer sonneg. | Grafik: wxcharts.com

De Verlaf

Vun haut den Owend (Freiden) un gëtt et aus Westen erëm no a no méi wollekeg, virun allem a Richtung fréie Samsdemoie ka schwaache Nidderschlag net ausgeschloss ginn.

Samsden, 08. Oktober 2022

De Samsdemoien ass et zimmlech wollekeg, d’Temperature leien tëscht 6 an 8 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 7 an 11 Grad erop. Et bleift zimmlech bedeckt, genee wéi och moies fréi ass geréngfügege Nidderschlag net ausgeschloss. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 12 a 16 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Nordwesten. An de Spëtzten ass e mat 35 km/h ënnerwee. Et gëtt no a no manner wollekeg an d’Sonn ka sech besser weise kommen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 1 a 4 Grad zréck, den Himmel ass kloer bis liicht wollekeg.

Sonnden, 09. Oktober 2022

De Sonndemoien ass et kloer bis liicht wollekeg, eenzel Niwwelfelder si méiglech. D’Temperature leien tëscht 1 a 5 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 7 an 11 Grad erop. D’Sonn weist sech, nodeems méiglech Niwwelfelder verschwonne sinn. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 14 an 18 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Ost-Südosten. An de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. Den Himmel ass kloer bis liicht wollekeg. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 3 a 7 Grad zréck, den Himmel bleift gréisstendeels kloer.